JOSY BRAUN

Porto fir d'Affekoten




"An engem Wuert, mam Mâitre Edgar Raach verléiert nët nëmmen de Barreau ee vun séngen dichtegsten Affekoten, eisen Här Justizminister Lex Raach an eise Beruffskolleg, de Mâitre Loll Raach, nët nëmmen e Papp, deen hinnen an alle Liewenssituatiounen e grousst Virbild war, mam Doud vum Edgar Raach geet och e Stéck Geschicht vun eisem Justizwiesen op en Enn; vun eisem klengen, mä eegestännegen a moderne Justizwiesen, dat Männer wéi hie geschaf a verbessert hun, an deem si gebräucht goufen an och nach ëmmer gin. Här Minister, léiwe Loll, Madame Minister, Dir Häre Ministeren, Dir Dammen an Hären Deputéiert, Madame Buurgermeeschter, léif Frënn äus Justiz, Politik a Gesellschaft, léif Trauergäscht: D'Äsche vun eisem léiwe Verstuerwene verfléie lo hei iwwert dësem klenge Stéck Buedem vun eiser Heemecht. D'Undenken un hien awer kann soubal nach nët verfléien a vergoen; `t lieft nach fir laang Zäiten an eise Gedanken virun. Mir perséinlech, als laangjäeregem Beruffskolleg a Frënd, bleift just nach mat schwéierem Häerz ze soen: Äddi, léiwen Edgar!"
Iwwert de Märeler Kiirfecht fiert dem Dvorak säi Lar-go äus der "Symphonie du nouveau monde" matzen an d'Reeschauer.
E Säuwieder, wéi een et nëmmen am Mee, a wa méig-lech just op Begriefnesser huet, denkt de Pit Marburg vum "Landbuet", dee mat séngem Photoreporter e puer Meter méi wäit ënnert enger klenger Lann steet.
"Mir komme gläich d'Tréinen", grinst de Joé Kolber; hie mengt dem Leclerc séng Grafried.
"Mir lafen se schon eng hallef Stonn laang d'Krazkaul rof an de Kolli", knoutert de Marburg a schléit de Koll vun séngem samette Paltong rop, wéi wann dat eppes géif déngen. Wéi gewéinlech läit säi Reemantel am Auto, an e Präbbli hat en nach ni; vun engem Hutt guer nët ze schwätzen. "En Hutt as eppes fir opzedon, wann ee gagga as, an `t mengt een, `t kënnt een nach Auto fueren", seet en ëmmer. De Joé huet op d'mannst en Trench un.
De Leclerc huet séng Ried an d'Mantelstäsch gedruddelt an as frou, fir säi schwaarze Präbbli nees kënnen an déi riets Hand ze huelen. Lo heescht et eebe waarden, bis déi éischt sech verzéien, an hien as sécher, datt all eenzelen sou denkt, de Lex an de Loll matgezielt. `t freet sech nach just, wéi laang déi Musek dauert. As et eng Cassette oder hun s'och schon en CD-Player an der Morgue? Jiddefalls sëtzt deen, deen d'Musek lafe léisst, propper an dréchen.
De Marburg otemt och op, wéi d'Buurgermeeschtesch e puer Prominente lénks a riets vun hir en diskret Zeeche gët fir den Ufank ze maachen. Si selwer gehéiert zu den Onglécklechen, déi ze waarden hun, bis d'ganz Prëssioun erlaanscht as; dat heescht, bis alles geseent oder sech op d'mannst virun der Urn vernäipt huet.
De Kolber schéisst äus Zäitverdreif nach e puer Biller a grommelt iwwerdeems hannert dem Apparat räus: "Firwat huet d'Buurgermeeschtesch sech d'Schärp dann ëm de Bäuch gestréckt, amplaz schif iwwert d'Schëller? Sou hun ech dat nach ni gesinn. Du? Se weess jo nët méi, ob se d'Schärp iwwert dem Bäuch oder ënnert dem Bäuch zoustrécke soll!"
"Des gens de bien qui grossissent sous l'écharpe trico-lore", zitéiert de Marburg rosen. "Weess de, Joé, wann s de mol sou al bas wéi ech, da stells de keng sou eng domm Froe méi. A Wahlzäiten as alles anzesetzen, wat een Opweises huet; do as näischt ze schued derfir, och en décke Bäuch nët; dat bréngt Stëmmen, mäi Jong. Ech wetten, datt d'Madame vu vira geplangt huet, fir e puer Deeg virum 15. Juni ze puchen. A lo bleift s'am Ree stoen, bis deen allerleschte laanscht hire Stëmm-kiwwel as."
Déi meescht vun den Trauergäscht trëppelen och nach bis bei de Lex an de Loll, fir deenen d'Hand ze gin. E puer klécken souguer där Aler, déi nieft deenen zwéi steet, déi awer keen ze kenne schéngt.
"Hues de déi?", freet de Marburg säi Knipsert.
"Schon e puermol", seet de Joé Kolber. "Weess du, wien dat as? `t as just fir ze vrecken, datt se déi ganzen Zäit de Präbbli virun der Nues huet."
"Huel deen doen nach."
"Wien as dat? Mat deenen houre Präbblie kriss d'einfach kee Bild!"
"An du kriss kee Bild, well s de kee Präbbli hues. Ech sin iwwerzeegt, datt däin Objektiv versaut as."
"Do kënnt keng Drëps drun."
De Marburg laacht zynesch. "Du gesäis dach schon näischt méi duurch däi Brëll! Botz dee mol, ier mer vum Objektiv schwätzen."
"De Bichel hëlt souwisou nëmmen eng Photo mat."
"Kuck der deen un", stéisst de Marburg de Kolber. "Da's de Franz Bauer. E gouf d'lescht Woch Ënnersichungsriichter. Dee begéins d'nach méi wéi eng Kéier um Geriicht."
De Kolber hëlt en an d'Këscht. "Alles eng Clique! Ministeren, Deputéierten an där, déi et wëlle gin, Riichteren, Affekoten, Schäffen a Konzelljeën, Bosse vun draï,
véier Banken, Bäuspekulanten ... Wat hun d'Entreprener dann hei verluer? De Carpetti, de Marcotti, den Hermes & Weidig ..."
"De Loll as Affekot, an de Lex war et och, ier e Minister gouf. Mä dat as dee schon eng Éiwegkeet. Déi sin niewebäi déck am Immobiliegeschäft, wousst de dat? Oder mengs de, dat géif et nët? Zënter, datt de Lex an der Regierung as, schmäisst de Loll de Buttek leng, mä meng nët, de Lex hätt do keen Eise méi am Feier."
`t schéngt, de Kolber as vun der Prëssioun, déi lo defiléiert, wiirklech faszinéiert: " A séier an d'Autoen an op den Aperitif!"
"Da's där dommster Iddie keng. Oder mengs d', ech géif hei Wuurzele schlon, bis déi hire Spréchelchen all opgesot hun?"
"Souwisou nët intressant fir äis", philosophéiert de Kol-ber. "De Bichel hëlt nëmmen eng Photo mat; huet e mer nach extra ageschäerft."
"Dat hues de scho gesot."
"Gi mer och seenen?"
"Bas du verréckt? Gesäis de mech nët? Ech si vun ënne bis uewe geseent. Mir sin hei fir eis Kuuscht ze verdéngen, Joé; hues de dat vergiess? Mä firwat hale mer et eigentlech nach äus hei?"
Hie freet dat, obschons en d'Äntwert weess. En huet schon déi ganzen Zäit déi Fra mat deem knallroude Präbbli am A, déi nach nët bäikomm as fir ze seenen. `t as nach eng jonk, nët allzegrouss, e schwaarz-wäisse Fischi ëm de Kapp an en hellen Trench. Iirgendwéi passt se nët an dës steif Gesellschaft.
Mä lo as et sou wäit; hannert där Fra mam roude Präbbli kënnt just nach e Gräppche vu Seenerten. Déi, déi et schon hannerun sech hun, fatze mat grousse Schréck duurch de Reen a Richtung Kiirfechtspaart. D'Buurgermeeschtesch versicht heemlech op d'Auer ze kucken a léisst dobäi bal de Präbbli wutschen.
"Dat do as eng zimlech kleng , fënns d'nët?"
De Pit kann de Joé opklären. "De Minister as Jonggesell, fro mech nët firwat. An de Loll huet séng Fra virun e puer Joer widdert e Bam gekéiert. Sou einfach as dat fir d'Mënz beieneen ze halen. Fir de Rescht - déi Zort gët schon eens, well tëschent de Rëppe schweessen s'et och nët räus."
De Pit huet nees säi sarkasteschen Dag, denkt de Joé.
De Marburg bënnt séngem Kolleg nët op d'Nues, datt séng eege Fra viru gutt 15 Joer op déiselwecht Manéier ëmkoum wéi dem Loll séng; well hien deemools en halwe Liter "J.B." an der Träip hat.
"An deen ale Raach war Wittmann."
"Du sees et. - Joé!" De Marburg traut séngen An nët. "Hues de dat do matkritt?"
D'Moss mam knallroude Präbbli huet nët geseent. Se huet sech mol nët vernäipt virun deem, wat vum ale Raach nach iwreg as. S'as mat resolute Schrëtt op de Justizminister an säi Brudder lassgaangen, as een Ament virun deene zwéi stoebliwwen, huet se riicht an d'Gesiicht gekuckt an hinnen du flatschdeg virun d'Féiss gespäut.
"Dajee!"
"Wat?"
"Eng Photo, du Rëndvéi! Do, lo as et ze spéit. Lo häss de d'Bild vum Jorhonnert, mä du stees do ze dreemen! Dat wir d'Photo gewiescht."
De Largo as lo och op en Enn. D'Fra geet séileroueg hirerwee; nët ze lues, mä och nët ze séier. De Justizminister bekuckt säi Brudder, dee bekuckt déi al Fra nieft him, an allen dräi stin se do wéi am Bulli ugewuess. E Gléck fir si, `t hun der nët méi allzevill deen Optrëtt do matkritt. D'Buurgermeeschtesch hat ee Schrack no vir gemaach, mä se kritt lo och kee Wuert räus. Se geet bis bei déi zwéi Raachen a pëspert mat hinnen. D'Prëssioun vun de Seenerten as lo erlaanscht. Hannert der Morgue stin e puer Gemengenaarbechter ze fëmmen.
De Kolber as schlecht drun. "Wat as da geschitt, Pit? `t as ze séier gaangen!"
De Pit as wiirklech rosen. "Neen, du bas ze lues", grätscht en op den Zänn. "Wann dee vum dat do matkrut a muer an der Zeitung huet, da vrecks du beim Bichel wéi e Mudderhues, dat son ech der! Hues du nët gesinn, datt déi Schécks deenen zwéin an aller Ëffentlechkeet virun d'Féiss gerotzt huet?"
"Déi vum sti bei der Paart eng ze dämpen", versicht de Joé de Pit an sech selwer ze berouegen. "Déi hun och näischt matkritt. Gesäis de, lo gin déi och."
Dem Marburg fällt an, datt e schon eng hallef Stonn laang keng méi ugemaach huet.
"Ech wëll jiddefalls räusfannen, wien dat Framënsch as."
"Du kenns dach all Mënsch", versicht de Kolber hiren normalen Ëmgankstoun rëmzefannen. "Dann hat deen ale Raach jo nët nëmme Frënn, wéi et schéngt!"
Genee datselwecht geet dem Marburg och duurch de Kapp. "Du sees dat sou einfach an d'Landschaft, Fissi, mä do hues de zoufälleg recht; ech weess do méi. D'Äsche sin nach dat Nëtzlechst, wat un deem war; do hu wéinstens d'Märeler Wisen eppes dervun."
"`t war och vläicht fir ee vun deenen zwéi gemënzt. - Wie kann dat gewiescht sin?"
De Marburg kuckt dem Kolber riicht an d'Gesiicht. "Géi a fro d'Schécks, Herrgott namol! Wat stells du der eigentlech ënner Journalismus vir?"
Iwwerem Goe spullt de Joé säi Film zréck. Eng zwanzeg Meter hannerun hinne kënnt d'Raachefamill mat der Buurgermeeschtesch.
"Géi e Schrack méi séier", knoutert de Marburg.
"Vill Notizen hues du och nët geholl", mault de Kolber.
"Firwat soll dat da gutt sin? E Begriefnës wéi dat do kann ech der scho sangen. A wat de Leclerc vun sech gin huet, dat steet an all Léierbuch fir mëttelméisseg Graf-rieden. Mengs d'ech géif mer mäi lieder Notizbuch an deem Reen do versauen? - Du zitts mer fir den Owend siwen Auer zwee Biller of, da kann de Bichel sech eent räussichen. Dat bescht hues de jo dach nët! Wann s de der fréier sou eng am erlaabt häss, dann hätt de Bichel dech héichkanteg räusgehäit! Mä dee fänkt och schon u gagga ze gin. - Sou e Säuwieder!"
"Wie war déi Al, déi nieft de Bridder stoung?"
"Deem Alen séng Häushältesch oder fréier Maîtresse, wat weess ech."
De Joé bleift stoen. "Pit, déi Fra, déi dohannen an dee klëmmt, dat as dach déi, déi gespäut huet oder nët?"
"Dem Präbbli no, jo. Lo kanns de nees guttmaachen, wat s de vermasselt hues. Klak dech an den Auto a fuer er no! Bis heem, wann et muss sin, a wann se zu Freckeise wunnt. A komm mer nët ouni d'Adress an d'Autosnummer bei d'Huguette!"
"Asou! An du fiers an där Zäit gemittlech bei d'Hu-guette op den Aperitif."
"Wuer da soss? Wann s de mat Zäit rëm bas, an du hues eppes Opweises, da kriss d'och vläicht ee mat."
"Pass op, ech huelen dech mam Wuert."
De Kolber kann souguer séier lafen, wann et muss sin. Schäiss, denkt e bei sech, ech muss am Auto en neie Film aleën.
De Marburg huet nach gutt zweehonnert Meter bis bei säi "Golf", a Pabeiersnueschnappecher huet e bestëmmt och keng dra leien. Mä wann en eppes iwwert déi Moss do räuskritt, da war dee ruckelzegen Optrëtt hei nët ëmsoss. E kann sech iren, mä `t schéngt eng Äuslännesch ze sin; eng vu méi doënnen. Lo, wou e bal beim Auto as, hält et natierlech op mat reenen! D'Wolleken hänke lo déif iwwert der Stad, mä vu Stroossen erfort kläert et sech op.



192 Saïten - 19 EURO
Bestellung: éditions phi / e-mail


retour homepage