JHEMP HOSCHEID
Plogeeschter

ENG PHOTO
D'Pat an ech hu Gebuertsdag. Hatt kritt 12 Joer, an ech der 11. Mir sin allen zwee op engem 11. Juli op d'Welt komm. Dofir feiere mer eis Gebuertsdeeg zesummen. Et wär besser gewiecht, ech wär en aneren Dag op d'Welt komm: dann hätte mer zweemol kënne feieren. Schued! Mee et kann ee säi Gebuertsdag nët eräussichen.
Et gët awer e grousst Fest. Eis Elteren hun d'ganz Famill invitéiert. Mir sin am ganzen zu siwwenzéng. Mir gin an eng Pizzeria, a jidderee bestellt sech, wat e wëllt. Duerno gin et zwee Gebuertsdagskuchen.
Mäi Papp as schéin opgereegt. Nom Iessen muss en neemlech eng Photo vun der Famill maachen, mat den zwee Gebuertsdagskanner drop. Op der Terrass vun der Pizzeria.
Hien huet sech e Plang gemeet, wéi mer fir d'Photo stoe mussen. En huet zwou Reie Stréchmän-nercher op en Notizblat gezeechent. Da verhält e bes-ser, wéi a wou en eis opstellt. D'Photo gët neemlech vergréissert an agerummt, a jidderee kritt eng nogemaach. Dofir muss d'Photo eppes gin. Bei der éischter Kéier.
Mäi Papp as ëmmer ganz kriddleg, wat d'Photoen ugeet. Jidderee muss him follechen, keen däerf wibblen an äus der Rei danzen. Soss gët e queesch. Wann d'Photo neemlech bis entwéckelt as, an een as vun engem anere verdeckt, oder d'Photo as verwackelt, da war déi ganz Opreegung ëmsoss.
"Et geet duer, datt ee wibbelt", seet mäi Papp, "an d'Photo as verschass! Da muss ech erëm e ganzt Joer waarden, bis ech d'Famill beieneen hun fir eng nei Photo."
Mäi Papp as kee gudde Photograph. An der Vakanz knipst en eis ëmmer wéi geckeg. Wann ech am Mir schwammen, knipst en nëmmen de Sand. Stin ech mam Pat op enger Buerg, kritt en nëmmen d'Steng. Blose mer d'Käerzen um Kuch äus, erwëscht en nëmmen déi eidel Telleren. Wëllt en den Äiffeltuerm knipsen, as eng Paräiser Dreckskëscht op der Photo.
Well d'Pat an ech meeschtens keng Gutt an der Kopp hun, wollte mer d'Saach mat der Gebuerts-dagsphoto nach méi spannend maachen. Mir haten de Plang fonnt, op deem de Papp d'Leit all gezeechent hat. Mir wollten mol e klengt Spillche probéieren. Mir hun de Plang a véier Stécker zerrappt an déi zwee iewecht Stécker verkéiert zesummegepecht: dat rietst Stéck no lénks, an dat lénkst no riets. Lo sëtzen zum Beispill de Bäuch an de Kapp vum Bopa Roger op dem Pat sénge Been, an de Monni Ed an de Bopa Karel hun eng Jüpp un. Dat ka mer jo nach Freed gin.
Nom Iesse gi mer op d'Terrass. Mäi Papp mécht d'Photo gär virum Dessert.
"Déi Grouss hannen, déi Kleng vir!" seet mäi Papp. "An zwou Reien, wannechgelift!"
Mir stellen eis op. De Photograph hëlt säin Apparat a kuckt op de Plang.
"Bopa Karel a Boma Maria, Dir stellt Iech an d'Mëtt!" seet mäi Papp, "Bopa Roger, du stells dech ganz lénks, an d'Boma Zëss ganz riets."
A scho geet d'Gemeckers lass.
"A firwat däerf ech nët bei méngem Roger bleiwen?" freet d'Zëss, dem Roger séng Fra.
"Well dat esou op méngem Plang steet", äntwert mäi Papp stur.
"Dann as däi Plang näischt!" seet d'Boma Zëss.
De Photograph weist, wuer déi aner sech opstelle sollen. D'Monnien. D'Tataen. Eise Cousin, de Sandro. An d'Cousinnen, d'Sandra - dem Sandro séng Schwëster - an dat klengt Charlotte. Dat as en Duerchdriwwent an `t huet guer keng Loscht, roueg stoen ze bleiwen. Et leeft deene Grousse schon tëscht de Been erduerch.
Mäi Papp weess nët, wouhi mam Vanessa. Dat as dem Sandro séng Frëndin. Dat war nët invitéiert. Mee de Sandro wollt ouni säi Vanessa nët matkommen.
De Photograph iwwerleet: "A wouhi mam Vanes-sa?" E seet zum Bopa Karel, e soll sech lénks stellen, da kéim d'Vanessa an d'Mëtt.
"Wéi?" seet de Karel, hien as paff, "lo grad hues de mech an der Mëtt opgestallt!"
"Ma dat war falsch, gesinn ech!" seet de Photo-graph, "déng Been komme lénks, an däi Bäuch mam Kapp bleiwen an der Mëtt."
"Wat gelift?" freet de Karel, "hues du gedronk?"
Mir musse laachen. Iwwerdeems mäi Papp um Photoapparat kniwwelt, schläicht de Sandro an d'Mëtt bei d'Vanessa. De Bopa Roger schläicht sech erëm no riets, duer, wou séng Fra steet. Do luusst de Photograph op de Plang a seet zur Boma Zëss, si misst mech op den Aarm huelen a juppelen.
"Hues de dech do nët geiirt?" freet méng Mamm, "de Puppelchen heescht `Charel' an nët `Pit'!"
Mäi Papp kraazt sech um Kapp a leet d'Stir a Falen. E kuckt eis. E kuckt de Plang. E geheit alles duercher-neen. Hie weess nët méi, wie bei wie gehéiert an e verwiesselt d'Kanner. De Photoapparat wackelt op séngem Bäuch.
"Hues de d'Metere richteg agestallt?" freet méng Mamm.
"Jo!"
"An d'Blend?"
"Ma jo!"
"An d'Schäerft?"
"Claire!" rifft mäi Papp, "wibbel nët esou mam Charel!"
D'Claire as méng Tata. Si huet hire Puppelchen op den Aarm geholl a juppelt en. De klenge Charel bläert sech den Hals wond.
De Monni Nico, de Papp vum Charel, gët ongedëlleg.
"Dajee!" seet e rosen zum Photograph, "tommel dech: de Charel wëllt nees an d'Kutsch!! Dee gët grad sou gär geknipst wéi ech. Maach virun!"
"So mol?" freet mäi Papp den Nico, "hat ech der gesot, du solls dech dohi stellen?"
"Neen!" seet den Nico, "awer ech stelle mech, wuer ech wëll."
Mäi Papp kuckt op de Plang. En as esou bei der Saach, datt en nach ëmmer näischt gemierkt huet. E seet dem Nico, e misst récklen. Dofir muss d'Boma Zëss him Plaz maachen. Awer de Bopa Roger wëllt nët.
"D'Zëss bleift niewent mir ston", seet en.
"Da kommen ech duercherneen um Plang!"
"Da gehei en ewech!" héieren ech ee soen.
Et war de Monni Ed. Elo vernennt dee säi Meed-chen, d'Sandra, well et knätscht.
"Geschwë si Wolleken do", grommelt méng Mamm.
Mäi Papp verléiert d'Gedold.
"Rouuuuueg!" birelt en, "Claire! Hal op, däi Bébé ze juppelen!"
"Lo war e roueg", meckert d'Claire, "lo hues du en erwächt!"
De klenge Charel bläert erëm, wéi wann en an de Pizzasuewe gefall wär. De Photograph stécht sech e Fanger an d'Ouer a rifft:
"Pat! Réckel nët no vir, soss muss ech d'Meteren anescht astellen."
"Et as de Bopa Roger! Deen dréckt!" protestéiert d'Pat.
"Bopa! Zéi däi Bäuch eran!" seet de Sandro.
Eng déck Wollek rutscht iwwert d'Sonn.
"Do!" knoutert méng Mamm, "lo as d'Sonn fort. Du muss d'Blend änneren."
"Papp!" soen ech, a pëtzen d'Been zesummen, datt et méi echt wierkt, "ech muss pissen!"
"Du bleifs hei!" seet mäi Papp. "A firwat hues du dem Monni Ed séng Plaz geholl?"
Den Ed war e bësschen äus der Rei getratt an hat sech eng Zigarett ugefaang. Mäi Papp verbitt him ze fëmmen. Wéinst dem Damp. Ech lafe séier op d'Toilette. Elo mussen se waarden.
Wéi ech vun der Toilette erëmkommen, hat de klenge Charel e Koup an d'Box gedréckt! D'Claire wëllt e frësch maache gon.
"Kënnt nët a Fro!" jäizt mäi Papp.
"Ma dat richt awer!" seet d'Claire.
"Op der Photo nët", mengt de Papp.
De Monni Ed hëlt séier e leschte Strapp a réckelt op eng aner Plaz. Séng Fra, d'Tata Pia, réckelt mat.
"Du dach nët, Pia!" birelt mäi Papp. "Hut dir Stëpp an den Ouren! Läuschtert da kee mir no?"
Lo kënnt e Garçon gelaf. E mengt, mäi Papp hätt e geruff, fir Gedrénks ze bestellen:
"Qu'est-ce que je vous sers?"
"Moi, je prends une photo! Wat eng domm! Gesit Der dat dann nët!"
äntwert mäi Papp.
"Ech hätt gär e Kaffi an eng Drëpp", rifft de Bopa Karel. "Well déi Photo dauert nach bis Mokuchsdag?"
"Neen! Bis Päifenneijorsdag! "seet de Bopa Roger a bestellt sech eng Zigar.
De Garçon däerf kengem eppes bréngen, dees d'Photo as fäerdeg.
Mäi Papp zielt d'Meteren of. D'Distanz tëschent him an eis muss klappen. D'Sonn as der décker Wollek rëm Meeschter gin. D'Tata Pia wëllt hire Sonnebrëll an den Auto siche gon. Si seet, ouni Sonnebrëll, misst se zevill blënzelen. Mäi Papp léisst se nët gon.
"Du bas och schéin, wann s de blënzels", seet en zum Pia.
"Wéi mengs de dat?" freet méng Mamm.
Lo reegt d'Claire sech op. Dem klenge Charel säi Kéipchen hat sech äus der Béckselchen eräusgedruddelt an e bronge Fleck op der Tata Claire hirer Blouse gemoolt.
D'Claire trëppelt äus der Rei, rëselt de Kapp a rifft:
"Sou wëll ech nët op d'Photo!"
Mäi Papp verléiert geschwënn d'Nerven. E fënnt keng Plaz fir dat klengt Charlotte, dat nach ëmmer hin an hir bëselt.
D'Charlotte - lo weess ech et erëm - war ënnen um Plang verschwonnen, wou mer déi zwee Stécker unenee gepecht haten.
"Charlotte!" seet mäi Papp ganz léif, "Charlottchen! Ech weess nët wouhi mat dir. Ech fannen dech nët um Plang!"
"Wat?" granzt de Monni Nico, "du hues nët un d'Charlotte geduecht! Du vergëss mäi Meedchen!!"
"Ma verbrenn dach dee blöde Plang!" rifft méng Mamm, "da fänke mer d'Käerzen domat un!"
"Et … et deet mer leed", tuddelt erféiert mäi Papp a weist dem Nico de Plang: "Kuck! Ech mengen, et steet hannert dem Bopa …"
Knaps hat en dat gesot, do geet him eng Späicherliicht op. E muss d'Rëss am Pabeier gesinn hun. Eréischt elo mierkt hien, datt säi Plang Gehacktes as.
"Wie war dat? Wie war dat?" freet mäi Papp an hält eis den zesummegepechten Ziedel ënnert d'Nues.
"Da looss se dach", seet de Monni Nico. "Et as hire Gebuertsdag! Dann däerf ee maachen, wat ee wëllt."
"Awer nët mäi Plang sabottéieren!" äntwert mäi Papp.
Déi déck Wollek as erëm iwwert d'Sonn gerutscht. Si gët méi déck a méi schwaarz. De Photograph huet sech berouegt, a mir rappen eis och zesummen. Mir wäre frou, wa mer d'Photo hannert eis hätten. Jidderee glëscht nom Kuch.
Mäi Papp kuckt sech déi zwou Reien un. Séng Gäscht stin nët esou, wéi hien sech et virgestallt hat, mee en as zefridden. E muss d'Blend anescht astellen, well d'Wollek as nach méi grouss a méi schwaarz gin.
"Si mer?" freet mäi Papp.
Kee seet méi eppes. Mir wibblen nët a bäissen op d'Zänn, fir nët haart ze laachen. Do bläert de klenge Charel erëm!
"Looss en nëmmen!" seet mäi Papp zum Claire, "dat héiert een nët op der Photo! Mir mussen eis fläissen!"
Ech mengen dat awer och! Mäi Papp wëllt grad op de Knäppchen drécken, do platzt d'Wollek iwwert eis. Genee iwwert der Terrass bascht se. An et schëtt wéi mat Eemeren. Keen hat mat engem Donnerwieder gerechent. Hals iwwer Kapp lafe mer all séier ënnerdaach.
Mäi Papp gët sech nët geschloen. E muss déi Photo maachen. E stellt eis an der Pizzeria op, hanne bei der Mauer. Dëscher a Still musse geréckelt gin.
"Hätt der de Plang nët zerschnëppelt", seet en zu mir an zum Pat, "da wäre mer scho laang fäerdeg!"
"Mir hätten och ouni däi Plang déi richteg Plaz fonnt", seet de Monni Ed, "du häss eis solle gewäerde loossen!"
"Hut nach ee Moment Gedold", seet mäi Papp, "mir si gläich fäerdeg."
An der Pizzeria as et nët hell genuch. Dofir muss mäi Papp de Blëtz huelen! Mee leider hat en de Blëtz nët matgeholl, well e gemengt hat, e bréicht en nët.
"Du bas mer en Hellen!" seet de Monni Ed. "Has de gemengt, du wäers sou hell wéi e Blëtz!"
"Himmelkräizdonnerwieder!" flucht mäi Papp, "ouni Blëtz gët et heibannen näischt."
"Da komm mir gin op d'Terrass", seet den Ed, "da waarde mer, bis et dobäusse blëtzt! Dee Blëtz kascht näischt."
"Bestell mir eng Drëpp!" seet de Bopa Karel, "da gët et mer méi waarm am Reen!"
De Charel kräischt. D'Vanessa kritt Sträit mam Sandro, well et sech de Sonndeg méi lëschteg virgestallt hat. D'Charlotte geet bei déi aner Leit an der Pizzeria a streckt hinnen d'Zong eräus.
"Ech gin de Blëtz heem sichen", seet méng Mamm.
"Sou séier wéi de Blëtz!" seet de Monni Nico.
Mäi Papp bräuch de Blëtz nët. Hie wëllt och nët waarden, bis et nët méi reent. Dat kann nach eng Éiwegkeet daueren. Mäi Papp huet eng besser Iddi.
Hie reservéiert rëm e groussen Dësch fir den nächste Sonndeg. An der selwechter Pizzeria. Fir déi selwecht Leit. Hien hätt d'Famill gär onbedéngt op eng Photo! Dat huet hien sech an de Kapp gesat. Jiddereen as averstan. Och d'Vanessa. De Papp bezillt jo! Hoffentlech schéngt dann d'Sonn.
Mir iessen déi zwee Gebuertsdagskuchen. Mir hun awer geloust, wien séng Käerzen haut äusblosen däerf.
D'Pat bléist séng zwielef Käerzen äus. Vu méngem Kuch huele mer déi eelef Käerzen erof a versuergen se fir op den neie Kuch den nächste Sonndeg. Da feiere mer mäi Gebuertsdag! Extra! Mat enger butzeger Käerz bei déi eelef Käerzen. Well den 18. Juli hun ech schon eelef Joer an eng Woch.
Jhemp Hoscheit
PLOGEESCHTER
mat Zeechnunge vum Michel Demart
150 Saïten - 14 EURO
Bestellung: éditions phi / e-mail
textes online * homepage