GUY REWENIG

Zabbazillo



128 Saiten - 19 EURO
mat Biller vum Klaudia Kampa
Bestellungen iwwer e-mail




Plottomallikotto!

Kuck mäin neie Motto
bei dem hëlze Potto!
rifft den Här Libotto.
Lo maan ech eng Fotto!

Nä kuck mol di Fotto!
rifft den Här Libotto.
Wou as da mäi Motto
hei beim hëlze Potto?

Plottomallikotto!
flucht den Här Libotto.
Da maan ech eng Fotto
vun deem neie Motto
hei beim hëlze Potto
an op ménger Fotto
as da just de Potto
awer nët mäi Motto!
Kottomalliplotto!

Plottokallimotto!
flucht den Här Libotto.
Dat war méng lescht Fotto!



        Macaroni

        Et war emol e Schnuddelhong,
        dat ganz laang op e Puddel stong,
        mee du mat enger Nuddel gong.

        Dat war der e Geknuddels,
        Geschnuddels a Genuddels!

        Du krute si dräi Macaroni:
        déi heesche Lea, Lex a Loni.



        Ech sin houfreg

        Ech sin houfreg,
        eng Porett ze sin,
        seet d'Kornischong,
        a gët vu Freed
        rout wéi eng Tomat,
        déi domm Kréischel!



        Bleif rof vun de Bierger!

        Bleif rof vun de Bierger!
        Dat bréngt nëmmen Ierger!
        Do geet dir de Wapp,
        do kriss du de Schnapp,
        do fléien d'Héngerdéif zu honnert,
        do kommen d'Lawine gedonnert,
        do maachen d'Kuebe Pingpongmätscher
        mat Schnéiklatzen uewen um Gletscher,
        do wäerts du fatzeg erféieren
        iwwert déi duddeldomp Déieren
        mat hiren décke Pänz
        an hire laange Schwänz
        an enger Gaardestränz
        tëscht hiren Dinosauhondspatten!
        Hir schwaarzgetëppelt Wollkrawatten
        sin all sou laang, datt si drop trëppelen
        a séch am déiwe Schnéi ganz uutsch zermëppelen!
        Do sprange schopperdällech Schnéipallutschen
        den aarmen Damme flupp an d'Kannerkutschen!
        Do hausen och där ömmerluppech Praatschen,
        déi queesch duerch d'Krimmogätsche laatschen!

        So selwer: Geet et nët bal duer?
        Wat hues du nach um Bierg verluer?



        Géi nëmmen nët an d'Schoul!

        Gës de gär an d'Hand gebass?
        Häss de gär däi Läpp zerrass
        vun de rosene Bläistëftspëtzer,
        déi ënnert de Bänkesëtzer
        heemlech hir kleng Messere wetzen?
        O! Du däerfs déch elo nët setzen!
        Soss kriss du an d'Fleesch geschnëppelt,
        kriss den Dokes routgetëppelt,
        an déi benzeg Spëtzmaschinnen
        rennen déch och nach an d'Schinnen,
        trëppelen déch wéi wëll op d'Zéiwen!
        O! Nu looss dir nët laang fléiwen!
        Géi nëmmen nët an d'Schoul, mäi Jong!
        Well d'Spëtzer friessen dir déng Schong,
        si rappen dir déng Strëmp vum Fouss
        a schneiden dir déng Box zu Mous!
        A wann dat alles fäerdeg as,
        gës du schon nees an d'Hand gebass!

        So selwer: Geet et nët bal duer?
        Wat hues du an der Schoul verluer?



        Wat häss de gär vum Kleeschen?

        Si sollen e Bierg aus Schlaken
        matzen op d'Autobunn klaken.
        Schluss mam Gerenns!
        Dat wär immens.



        Den Draach mat der knaschteger Laach

        Den Draach mat der knaschteger Laach
        läit flaach op dem Bauch bei der Baach.
        Dat blöd Gelaachs mécht hien sou schwaach,
        datt hien an d'Lëtschen trëllt, deen Draach!



        De klenge Prënz

        Beim Lutschebuttek steet e Prënz
        a rifft: Ah tschö, ech hu keng Mënz!
        Ech sin de Prënz Nikki La Butsch
        an hätt lo séier gär eng Lutsch!

        Keen Trallalla!
        seet d'Butteksfra.
        Keng Mënz, keng Lutsch,
        Här Nikki Butsch!



        Dat do wär bal Sträit gin!

        Fällt de Flibberwulles op den Tappergulles,
        facht de Schlabberknacko och de Gollibacko!
        Bäisst den Tappergulles dann de Schlabberknacko,
        späizt de Flibberwulles op de Gollibacko!
        Mee de Schlabberknacko kësst den Tappergulles.
        Dofir danzt de Gollibacko mat dem Flibberwulles.



        Ech léiwen déch

        Ech léiwen déch.
        Du tigers méch.
        Hatt pimpampelt hien.
        Hie fierkelt séch.
        Mir fëschen iech.
        Dir hamstert eis.
        Si kaze séch.




Guy Rewenig
ZABBAZILLO
mat Biller vum Klaudia Kampa
128 Saïten - 19 EURO
Bestellung: éditions phi / e-mail







HOMEPAGE KLAUDIA KAMPA
BICHER VUM GUY REWENIG




textes online * homepage