NICOLE PAULUS

Wann de Piano rose gëtt



48 Saiten Saiten - mat CD - 25 EURO
Bestellungen über E-MAIL



Auszug


Wann de Piano rose gëtt,
rabbelt hien an dauscht a kléckt.

Wann de Piano rose gëtt,
knuppt hien op d'Taste wéi verréckt.

Gëtt de Piano vum Ierger gepaakt,
kréien d'Kanner d'Musek op d'Zéiwe geklaakt.

Gëtt de Piano rosen,
kritt de Kulio d'Noute geblosen.

Gëtt de Piano béis,
kënnt d'Tuss him guer net aus de Féiss.

"Fléipéiter", hummert de Piano drop lass
- de Kulio an d'Tuss wëssen net, wat dat ass.

"E Fléipéiter," erkläert de Professer Scharmant,
"ass en terribelt knaschtegt Kand!

Deem wunnen d'Fléi um Kapp an den Trëtzen,
a wëll ee se lassginn, muss ee mam Fanger dra pëtzen.

Mee kritt ee se net richteg gefaang mat der Hand,
verzaubert d'Flou sech bumsdeg an en Elefant.

Dem Fléipéiter trëpplen dann Elefanten um Kapp
- si trootren a brëllen an drécken hire Flapp

deem aarme Fléipéiter op d'Schëllren an op d'Féiss,
an tuten him an d'Ouer déi säftegst Elefantegréiss."

"Ech si kee Fléipéiter a wëll nimools ee ginn!",
rifft de Kulio mat béis erféierter Minn.

"Elefanten um Kapp, dat ass näischt fir mech!
Déi gehéiren an hiren afrikanesche Bësch!

Hire Rüssel wäert bei mengem Ouer stéiren,
wann ech op mengem Handy telefonéiren!

Wéi soll ech Rapp an Techno lauschtren,
wann Elefante mat hire breeden Ouren dauschen?

Jot se séier an hiert Land!
Geldiert, wann ech glift, Här Professer Scharmant!"

De Professer seet: "Kulio, gëff lo net verbruet
a lauschter, wat de Piano nach ze soen huet."

De Piano séngt a spillt: " Du Moss!"
D'aremt Tuss steet um Buedem wéi ugegoss.

Eng Fra kënnt ra mat däischtre Krauslen um Kapp.
Blieder mat villen Nouten zitt si aus hirer Mapp.

"Mäin Numm ass Albena, ech si Komponistin, bonjour",
seet si a rëselt d'Nouteblieder iwwert d'Käpp vun en alleguer.

De Piano kuckt motzeg a reservéiert dran:
als Komponist huet hien honnertmol léiwer e Mann!

Well dat war ëmmer sou an der Geschicht vun der Kompositioun:
Männer erfannen d'Musek, spille Cello a Percussioun.

D'Hären dirigéiren, spille Susaphon a Contrabass;
beim Komponéiren an Dirigéiren ass mat den Dammen näischt lass!






Nicole Paulus
Wann de Piano rose gëtt
170 Saïten - mat CD - 20 EURO

BESTELLEN








textes online * homepage