GUY REWENIG
Palazzo Matrazzi
144 Saiten - 16 EURO
mat Biller vum Klaudia Kampa
Bestellungen iwwer E-MAIL
An denen 38 Geschichten aus dem Buch "Palazzo Matrazzi" geet et ëm alles, wat mat Vakanz, Fräizäit, Congé ze don huet: zwou Famille fueren an d'Sonn, awer d'Kanner -d'Jill an de Kim- mussen doheem bleiwen an erliewen en "Horrortrip" op Kämpénger, Spillnomëtteger, a Kolonien oder bei aneren "organiséierten Aktivitéiten".
Fir Kanner an Eltere gët et vill ze laachen beim Liese vu "Palazzo Matrazzi". Zum Beispill iwwert dem Jill säi Papp, deen op der Plaasch vu Päiperlécken iwwerfall gët an duerno déi benzeg Déieren iwwerhaapt nët méi lass gët...
Fladderkand
Op eemol sonndes huet dem Kim säi Papp onheemlech Loscht, mol nees e Kand ze sin. Well hien de ganzen Dag fräi huet, hëlt hie séch vir, de ganzen Dag mol nees e Kand ze sin.
Mueres beim Kaffi schëtt hien en décke Läffel schaarfe Moschter a säi Yoghurt, réiert dran, bis et eng giel Zooss as, rifft: "Muppeschass! Strulleglace!" a waart, datt séng Fra hie vernenne soll. Séng Fra seet awer nëmmen: "Ech mengen, du schaffs zevill. Du kanns déch nët méi konzentréieren."
`Elo muss ech nach vill méi eppes Kannereges maan', denkt dem Kim säi Papp. `Soss kréien ech et nët ronn, mol nees e Kand ze sin.' Hien deet séng Krawatt aus a stréckt séch e roude Bic mat engem Lastik ëm den Hals. Elo miisst eigentlech jidderee ruffen: "Hei de Bubi! Kuck de Klunni! Nän, wat e lëschtege Knëff!" Awer d'Leit rëselen nëmmen de Kapp a froë séch: `Huet deen Alen do eng Schrauf labber, datt hie séch matzen um Sonndeg e roude Bic ëm den Hals hänkt?' Dem Kim säi Papp léisst de Bic zwar hänken, well hie jo wëllt kannereg ausgesin, awer hien as scho ganz genéiert.
Beim Park klëmmt hien an d'Sandkaul bei d'Däbbëssen an d'Strëtzelcher vun dräi Joer, deet d'Schong an d'Strëmp aus, struewelt mat de Féiss am Sand, zaapt en halwe Plastikseemer Waasser um Krunn, kéipt Sand dran, wullt mat der Plastiksschëppchen, bis et en décke Bulli gët, schëtt dee Bulli a säi rietse Schong a rifft: "Kéiskëscht voll! Kéiskëscht voll!" Awer d'Däbbëssen an d'Strëtzelcher kucken nëmme ganz grouss, d'Mammen an d'Pappe rappen hir Kënnercher aus der Sandkaul a gi séier mat hinne fort, um Enn sëtzt dem Kim säi Papp mudderséilenaleng am Sand a freet séch: `Wéi kréien ech elo dee Sandbulli nees aus méngem rietse Schong?'
An der Stad kritt hie keng Limonad, well hien nëmmen ee Schong unhuet an deen anere Schong mam Bulli op de Bistrosdësch gestallt huet. Beim Glacemännche kritt hie keng dräi Bulle Pistache, well hien e roude Bic ëm den Hals hänken huet a rifft: "Tistasch fir de Jëwi! Tistasch fir de Jëwi!" De Glacemännche weess nët, datt dem Kim säi Papp onbedéngt de ganzen Dag mol nees e Kand wëllt sin, an denkt, de Mann mam Bic um Hals hätt eng gutt am Kanelli a wéilt hie provozéieren. Et hëlleft och näischt, datt dem Kim säi Papp séier op déi grouss Rëtschbunn klotert an um Bauch erofrëtscht an ënnerwee rifft: "Ech sin e Fladderkand! Ech fladderen am Wand!" Kee Mënsch klappt an d'Hänn, well hien sou artistesch gerëtscht as. Kee Mënsch seet: "Ah, de Männi! Nän, dee Klengen!" Mee d'Leit kucke queesch dran a ruffen: "Muss dee Bëlles do eis Kanner stéieren?"
Owes as dem Kim säi Papp vum ville Kandspille ganz dätsch a ganz verzweiwelt. Hie geet bei de Kim op d'Kummer, setzt séch bei hien op d'Bett a freet: "Wat muss ech nëmme maan, fir mol nees e Kand ze sin?" De Kim seet: "Ganz einfach. Du muss gläich dee roude Bic vum Hals huelen. Well du hues schon déck, rout Flecken um Hiem." Ganz traureg freet dem Kim säi Papp: "Soss kann ech näischt maan?"
"Dach", seet de Kim. "Reif mol séier de Bulli aus déngem Schong!"
Schwaarz wéi d'Nuecht
"Bläng-bläng-bläng!" mécht et aus dem Gaart.
Dem Jill säi Papp spréngt aus dem Bett. "Ech halen dat nët méi aus!" birelt hien. "Lee déch dach a schlof!" seet dem Jill séng Mamm. "Wou soll ech da schlofen, wann dat schwaarzt Kallef nees duerch eist Geméis schläicht?" birelt dem Jill säi Papp.
"Bläng-bläng-bläng!" mécht et aus dem Gaart. Dat as dem Noper séng Kaz. Si huet eng Kläckelchen ëm den Hals, fir datt den Noper ëmmer héiert, wou se grad drun as. "Bläng-bläng-bläng!" geet dem Noper séng Kaz matzen an der Nuecht op den Tuer.
"Elo as deen Iesel nees beim Fräscheweier!" rifft dem Jill säi Papp.
"Et as keen Iesel, et as eng Kaz", seet dem Jill séng Mamm. "Komm endlech an d'Bett a schlof weider."
Dem Jill säi Papp kann dem Noper séng Kaz nët richen. Si as him ze schwaarz. An ze laang. An ze breet. "Bestëmmt huet s'och zevill schwaarz Buuschten um Schwanz", seet d'Bomi Nicole zum Jill séngem Papp.
Soubal dem Noper séng schwaarz Kaz opdaucht, gët se vum Jill séngem Papp verdriwwen. Hien hault wéi eng Ziren. Oder hie strutzt mam Gaardeschlauch. Oder hie pucht mat Steng oder mat Sand oder mat enger Knupp Leem. "Bläng-bläng-bläng-bläng-bläng-bläng!" mécht d'Kaz séch séier aus dem Stëbs.
Awer spéit an der Nuecht, wann dem Jill säi Papp scho laang op der Matrass läit a vu klenge wäisse Kazen dreemt, déi nët méi grouss si wéi Fixfeieschkëschten, kënnt dem Noper séng Kaz "bläng-bläng-bläng!" iwwert den Zonk gesprong. Wann dem Jill säi Papp där schwaarzer Kaz hir Kläckelchen héiert, as hien direkt erwächt. Grad hat hien nees vun de klenge wäisse Kaze gedreemt. Hien hat dräi där wäisser Käzercher an eng Envelopp gestach, op d'Post gedron an a Sibirië geschéckt, well se nët gefollegt haten. Sou einfach as dat mat denen Draamkäzercher. Sou séier gët ee se lass.
Mee dem Noper séng Kaz weess genee, wéi si dem Jill säi Papp op de Beemchen dreiwe kann. Si schläicht "bläng-bläng-bläng!" bei de Fräscheweier. Gläich gin d'Fräschen onroueg a fänken un ze quaken. Vun deem Gequaks erwächen d'Hénger iwwerall ronderëm a gackere wéi wëll. Dat Gegackers verdroen d'Päerd am Stall nët, dofir rege si séch schwéier op. No de Päerd fänken d'Kéi an de Wisen un ze jäizen, no de Kéi billen d'Hënn, no den Hënn rappen d'Noperen an d'Nopeschen d'Fënsteren op a fluchen, well si aus dem Schlof gerappt goufen, no den Noperen an den Nopesche fänken iwwerall déi kleng Kanner un ze pinschen, well si nët verstin, firwat dobaussen op eemol dee gewaltege Kaméidi as.
"Elo gët dat Rënvéi erschoss!" brëllt dem Jill säi Papp. Hien hëlt séng Flënt a schéisst päng-päng! poulriicht an d' Nuecht. Awer hien huet nët richteg geroden, well elo fänkt och nach séng Alarmanlag u fiirchterlech ze haulen!
"Bläng-bläng-bläng!" mécht et aus dem Gaart, wéi dem Noper séng Kaz iwwert den Zonk klëmmt a verschwënnt an där pechschwaarzer Nuecht.
Guy Rewenig
PALAZZO MATRAZZI
mat Biller vum Klaudia Kampa
144 Saïten - 16 EURO
BESTELLEN
HOMEPAGE KLAUDIA KAMPA
BICHER VUM GUY REWENIG
textes online * homepage