GUY REWENIG

Muschkilusch



160 Saiten - 16 EURO
mat Biller vum Klaudia Kampa
Bestellungen iwwer E-MAIL



Déi 39 Geschichten ëm d'Kätt a séng Méck "Muschkilusch" sin 1990 fir `t éischt erauskomm an hun hei am Land déi "Nei Lëtzebuerger Kannerliteratur" begrënnt. Zanterhir huet de Verlag "Op der Lay" 8 Oploe verkaaft, am Schnëtt also 1000 Muschkilusch pro Joer.
Déi 9. Oplo vum Buch (8.001-11.000) kënnt elo am "Phi"-Verlag eraus, an enger ganz neier Opmaachung mat faarwege Biller vum Klaudia Kampa.



Däerf ech mech virstellen?

Däerf ech mech virstellen? Ech sin d'Kätt.
Dat as schon hallef gelunn.
Well fir richteg heeschen ech CATHERINE. Sou steet op ménger Innänni - op ménger Dennini - wéi nennt een dann déi Kaart mat der Fotto an dem Numm? Do steet: Catherine Musch.
Deene meeschte Leit as et zevill, mech mat méngem richtegen Numm ze ruffen.
"Catherine, va au lit!" steet am franséische Buch.
Dat fannen ech schéin. Ine-ine-ine ..., li-li-li ... Lauter schéin Téin.
A wat kréien ech all Owend ze héieren? "Kätt, an d'Bett!"
Batsch! Ätt-Ätt-Ätt! Bä-bä-bä! Dat deet scho bal wéi an den Oueren.
Da son ech express: "Bonsoir, bonsoir, Catherine va au lit et met sa chemise de nuit bleue." Dee Saz aus dem franséische Buch hun ech extra gär. Wawitt! Wawitt! Wéi e Lidd vun engem Villchen!
Nuiblö! Nuiblö! Wittoli! Wittoli!
"Ech man dir Been!" rifft da mäi Papp. Hie versteet nët vill Franséisch.
Jidderee seet mäin Numm, wéi et him grad passt. Wat kréien ech un de Kapp gehäit! Knaschtkätt. Moschterkätt. Druddelkätt. Schnuddelkätt. Fuddelkätt.
Zu méngem Kolleg Glenn son ech: "Wat hues du Chance, dass du Glenn heeschs!"
"Firwat?" freet hien.
"Well keen dech vernenne kann", son ech. "Knaschtglenn, Moschterglenn, Druddelglenn, dat geet einfach nët."
Awer mam Kätt kann een alles maachen.
Motzkätt. Toozkätt. Sabbelkätt. Knätschkätt. Krozelkätt.
Knuppkätt, renn dach nët an d'Leit um Trëttuar!
Kozekätt, du hues nees eng laang Schnuddel um Bak!
Trentelkätt, as déng Aufgab nach ëmmer nët fäerdeg?
Dann denken ech fir mech:,A wann ech dann elo géif zum Här Lära son: "Dach, Meckerbatti, du mat déngem éiwegen Zigarettenhou-hou-hou-houscht!"
Mäin Här Lära heescht nämlech Här Baptiste Stomp.
Ech soll mir awer nët erlaben, zum Här Baptiste einfach "Batti" ze son. Dann heescht et: "Kätt, d'Bëtschel as fett!"
Awer zur Joffer Catherine däerf jidderee "Kätt" son. Och den Här Baptiste. D'lescht hun ech express haart aus dem franséische Buch virgelies: "Kätt ouvre la porte du salon".
"Kommo? Kommo?" huet den Här Lära geruff. "Za zä Katrinn ee paa Kätt, nunditschu!"
"Je sais", sot ech. "Moi aussi, c'est Catherine et pas Kätt." Hien huet grouss gekuckt. Ech mengen, hien huet mech nët verstan. Nunditschu!


Muschkilusch

"Muschkilusch? Muschkilusch!" ruffen d'Kanner am Schoulhaff a rappe mech u méngem Mantel. Muschkilusch? Wann ech nach gutt wéisst, wat dat heescht! Ech muss onbedéngt de Glenn froen.
"Verstees du da kee Franséisch?" seet de Glenn. "Mouche qui louche! Dat as eng Méck, déi baluckt."
Do kommen ech nët no. Wat huet dat da mat mir ze don? Firwat gin ech gezeckt?
"Supereinfach!" seet de Glenn. "Du heeschs Musch, also bas d'eng Méck, an du balucks, also bas d'eng Muschkilusch!"
Elo gin ech awer rosen!
Ech balucken? Ma sécher balucken ech! Dat kann nach laang nët jiddereen. Du mat déngem poulriichte Bléck! Du Béifche mat de ronne Guckelcher! Kuck mol méng! Dat eent rëtscht mer wups! an den Eck. Mat deem rietsen A kucken ech riichtaus, mat deem lénksen no lénks. Dofir gesinn ech vill méi wéi s du! Well fir ze gesinn, wat op der lénkser Säit as, muss du déng zwee Aen no lénks dréinen! Bei mir geet eent gutt duer! Da weess d'et!
"Baluckeg Méck! Baluckeg Méck!" ruffen d'Kanner.
Elo gi s'awer eppes gewuer!
"Ech sin nët nëmmen eng Méck, mee ech hun och eng Méck! Eng wonnerbar, fäi Méck, déi mech ni am Stach léisst! Si as méng beschte Frëndin. Ech huele s'iwwerall mat. Nëmmen nët an d'Schoul, well do huet jo dach keen eppes iwwreg fir d'Mécken."
"Uaah! Uaah! Eng Méck als Frëndin!" ruffen d'Kanner. "Dat as gelunn!"
"Wien dat nët glewe wëllt, muss et stoeloossen!" ruffen ech. "A méng Méck kann nach vill besser balucke wéi ech! Mat dem rietsen A kuckt si ganz no riets, mat deem lénkse ganz no lénks! Dat bréngt kee vun iech alleguer fäerdeg!"
D'Kanner laache mech aus, an ech lafen heem. Wat hun ech eng Roserei am Leif! Déi Iddi mat der Méck war vläit nët genial. Ech weess.
Ech muss mech jo awer wieren!
Wann dann elo eng Kéier ee freet, ech soll him méng Méck weisen? Wat man ech dann? Da son ech: "Méng Frëndin weisen ech kengem! Si verdréit keng Schoulkanner!" Deen zwete Saz as nët gelunn. Awer den éischten. Well ech hu jo guer keng Méck. Elo sëtzen ech doheem a muss och nach Rechenaufgabe maachen!
Wat sëtzt dann do ënnert der Quadratwuurzel? Dee schwaarze Fleck?
Elo réiert e sech! E Fleck, dee sech réiert? Nän! - Et as eng Méck!
Elo hat ech awer Chance! - Si kraucht op méng Hand! Nëmmen nët fäerten, Frëndin! Wéi heeschs de? - Aha, aha! Muschkilusch! Schéinen Numm! Dat geet och méi kuurz: Muschki zum Beispill. Jo? D'Muschkilusch seet näischt. Dat heescht bestëmmt: Okay!







Guy Rewenig
MUSCHKILUSCH
mat Biller vum Klaudia Kampa
160 Saïten - 16 EURO

BESTELLEN







HOMEPAGE KLAUDIA KAMPA
BICHER VUM GUY REWENIG




textes online * homepage