JOSY BRAUN

De Monsterzwillinge vun Esch-am-Lach



170 Saiten - 20 EURO
Bestellungen über E-MAIL



Auszug


Ënnerwee

Zu Esch, déif am Lach op der Millen,
beim Waasser, tëscht Fielsen a Beem,
wou d'Frellen ëm d'Sauerbréck spillen,
sinn d'Kätt an den Emil doheem.

Den Emil heescht meeschtendeels Mulles.
Hie schafft scho ganz laang op der Post.
E Klengen, en Décken, en Drulles!
Säin allerléifst Wuert, dat heescht "prost!".

D'Madämmchen heescht Katrin fir richteg.
De Mulles nennt si awer Kätt.
An d'Kätt ass fir hien zimlech wichteg,
well 't kacht him, wat hie gären hätt.

Mä gëschter sot d'Kätt an der Kichen:
"Et ass mer, ech weess net grad wéi.
Géi du mer den Dokter mol sichen!
Am Bauch hunn ech eppes wéi Kéi.

Déi rappen a knuppen a pëtzen,
ech ginn och all Dag well méi déck.
Dajee, Mulles, bleif net do sëtzen,
den Dokter wunnt hannert der Bréck!"

Den Dokter heescht Hannibal Biren.
Dee kënnt och a laacht: "Ech verstinn!
Léift Kätti, ech ka mech jo iren,
mä dat kënnten Zwillinge ginn!"


Se sinn do!

En Dokter seet meeschtendeels d'Wourecht.
Wat ass dat eng Freed an e Gléck!
Well 't gouf der e Meedchen, e gouregt,
an 't gouf der e Bouf, deen ass déck.

De Mulles gëtt guer net méi fäerdeg.
Mol kuckt hien seng Kanner, mol d'Kätt.
"Nee kuck ees, wéi sinn se sou äerdeg,
wéi lein se sou léif an dem Bett!"

Dat Bett ass e breet an en duebelt.
Den Hond, hire Fluppes, passt op.
De Kueder, de Jim, ass verkuerbelt
a spréngt dofir flang uewendrop.
An d'Kätt laacht dem Mulles: "So, Alen,
et geet mer bal net an de Kapp!
Wéi soll ech dat nëmme verhalen?
Mir zwee si jo lo Mamm a Papp?!"

"De Bouf, deen heescht 'John'", seet deen Alen,
"mä hatt? Kuck déi zockerséiss Schnëss!"
"Mir géif nawell 'Zëssil' gefalen",
seet d'Kätt, "jo, mir nennen hatt 'Zëss'".

An d'Zëss stéisst de John mat den Zéiwen.
"Hee John, du heeschs 'John'! Winn dech drun!
An ech heeschen 'Zëssil', mäi Léiwen!"
De John grommelt just: "'t geet gutt un!"


Gedeeft

Haut ginn se gedeeft. De Paschtouer,
dee waart schonn, de Koschter steet prett.
't leeft alles bal wéi un der Schnouer.
"Nu sidd och schéi brav!", pëspert d'Kätt.

De Pätter, de Jeng, ass vu Réiden,
an d'Giedel ass d'Finn vum Plësdaarm.
De Pätter an d'Giedel vu béiden
dron d'Kënnercher glécklech am Aarm.

De John deet haart Kreesch, d'Zëss net manner,
wéi d'Waasser kal iwwert si leeft.
"Hu mir da keng kärgesond Kanner?",
laacht d'Kätti. "Gläich sinn se gedeeft!"

Lo street de Paschtouer nach Kären.
Dat kribbelt de John an dem Hals.
Hie knoutert: "Dat do hu mer gären!
Pass op, Zëss, dee kënnt der mat Salz!"

't ass alles erlaanscht. De Paschtouer
seet lues: "Kommt bis an d'Sakristei!"
D'Zëss gräift an säi Frack, an de Chouer
séngt duerzou eng fromm Litanei.

De Mulles huet d'Drénkgeld am Grapp schonn.
Den Här kuckt de Koschter ganz frou.
Den Här zielt säin Drénkgeld am Kapp schonn,
mä wou ass säi Portefeuille? Wou??








Josy Braun
De Monsterzwillinge vun Esch-am-Lach
170 Saïten - 20 EURO

BESTELLEN








textes online * homepage