JOSY BRAUN

Kréiwénkel



180 Saiten - 19 EURO
Bestellungen iwwer E-MAIL



I. Deel

Eng Fatz Pabeier

I. Kapitel

Dat I. Kapitel verzielt vu Gräupert, engem Duerf op der Syr, vun engem ale Kueb, wéi Blofierwesch Tolly am August 1986 an "Onkel Toms Hütte" lant, a wéi eng al Fatz Pabeier him an séngem Bop Kappzerbrieches mécht. Mir léieren och de Mallesch Mill kennen, an den Tolly wëllt op eemol guer nët méi op Blankenberg.

Wann een um Potaschbierg vun der Autobunn Lëtzebuerg-Tréier rof- an op d'Stad zou fiert, da kënnt een no e puer Kilometer duurch de Sauerwäinsgronn. Do deelt d'Landstrooss sech a féiert no riets op Lënster, mä och an den ënneschte Syrdall. Op der Strooss fir no Lënster, gläich hannert der Syrbréck an der Barrière, kënnt een awer fir d'éischt op Gräupert. Gräupert war ëmmer e richtegt Bauerennascht, mä well am Nopeschduerf Gieweleng scho géint Enn vum 19. Jorhonnert eng Maschinnefabréck opgemaach hat, hun och zu Gräupert lues a lues méi Aarbechter an Handwierker gewunnt. `t gët haut nach eng gutt Dose Bauerenhief zu Gräupert, mä d'Aarbechter, d'Handwierker, d'Eisebunner an nach aner Beamten hu scho laang d'Iwwerhand.
Zu Gräupert wunnt den Tolly Weis mat séngem Grousspapp Anatol Weis. `t muss een awer nach d'ganz Lënster Strooss, déi zu Gräupert "d'Neigaass" heescht, ropfueren, ier een uewen am Duerf, lénkerhand op de Béchel kënnt. "A Blofierwesch" nennen déi Gräuperter dat Häus, wou den Tolly an säi Bop doheem sin. Wou deen Häusnumm hierkënnt, as schwéier ze soen; souguer de Bop, dee jo al genuch as a villes weess, as sech sénger Saach nët sécher. Säi Frënd a Lokalhistoriker, de Mallesch Mill, wollt him den Urspronk vum Häusnumm mol nosichen, mä zréckuetesch bis bei d'franséisch Revolutioun huet hien an deenen ale Gräuperter Regëschtere keen opgedriwwen, dee mol Léngent gefierft hätt.
Gläich vir, nach ier ee bei Blofierwesch kënnt, leeft, alt nees lénkerhand, en äiskaalt Waasser äus engem gosseisene Léiwemond an e stengenen Trach. Fréier goufen hei d'Kéi gedränkt, wann se vun der Weed koumen, an nach laang nom Zweete Weltkrich stoung hei de Gräuperter Wäschbur. Nom Motto "fort mam ale Krom" gouf en an de siechzeger Jore wechgerappt; fir d'Kräizung méi iwwersiichtlech ze maachen, housch et. Mä d'Leit soen haut nach, dat Waasser wir vill ze schued, fir einfach sou an en Trach an duerno an de Kanal ze lafen. D'Quell as uewenäus am Groussebësch, leeft duurch de Sandsteen vum Béchel rof, a wann een däers Waasser mol vum Bur gedronk huet, da weess een, wéi richtegt, gutt Waasser schmaacht. Experten äus dem Stater Laboratoire hu mol zu Deckesch Fränz, dem Gräuperter Buurgermeeschter, gesot, hie kënnt dat Waasser roueg a Fläschen zapen; `t wir besser wéi aner Zorten, déi een a Fläschen ze kafe kritt. De Fränz huet geduecht, déi Stater géifen de Geck mat him maachen, mä en huet dat, wat déi Stater Gecke behaapt hun, mat an de Gemengerot geholl. An do hun hirer e puer gemengt, déi Iddi wir mol guer nët sou domm. Mä dobäi as et da bliwwen; bis haut.
Uewen um Béchel deet sech eng wäit Landschaft op: riicht virun engem läit lénks de Wëldbësch a riets de Groussebësch; ganz lénks laanscht de Wëldbësch erbléckst een am Dall nach sou just den Tuurm vun der Haangelser Kapell, a riets, wäit uewen, déi éischt Haiser vu Bräitert. Déi aner leien hannert dem Groussebësch verstoppt.
De Wee fir an de Wëldbësch as uewe vum Béchel un nëmme méi e bessere Flouerwee a féiert poulriicht bis a Kréiwénkel. Dat as eng grouss säfteg Wiss, eng Dällt tëschent Wëldbësch a Groussebësch, a queesch derduurch, leeft ënnen an der Sank, schëtzeg a kristallkloer, d'Wëldbaach.
An enger Gräuperter Chronik sti schlëmm Saachen iwwer Kréiwénkel. D'Kelten hätten hei scho jonk Meedercher geaffert; ënnert enger aler Eech, op engem stengenen Älter. An am Mëttelalter hätten d'Hexen hei hir wëll Fester gefeiert. `t wäerd och keen Zoufall sin, datt haut nach uewen um Béchel d'Buurg verbrannt gët.
A Kréiwénkel as den Tolly kënneg wéi an sénger Boxentäsch. Hei as hie scho mat dräi, véier Joer mat séngem Bop getrëppelt, an hei huet de Bop him spéider gewisen, wou mueres fréi an am spéiden Nomëtteg d'Réi äus dem Groussebësch räus op d'Wiss a bei d'Wëldbaach kommen. Haut weess den Tolly och genee, wou ee vu Kréiwénkel äus an de Wëldbësch muss ragoen, fir am Abrëll d'Schlësselsblummen an e puer Woche méi spéit d'Meeréisercher ze fannen. A wann een uewe lénks laanscht de Wëldbësch geet, da kënnt een no engem gudde Kilometer an d'Haangelser Haart bei de Kuebebësch. Dat as dat ënnescht Stéck vum Wëldbësch, mä `t gehéiert schon zum Haangelser Bann. An do, um Eck vum Kuebebësch, wou déi Gräuperter an déi Haangelser Gewan openee stoussen, steet d'Haangelser Haischen.
Säi Bop sot him mol, dat stéing schon éiweg do. `t as eigentlech nëmmen en oppene Schapp, eng besser Schäuteng, wou d'Kéi vun deem décksten Haangelser Bauer en Ënnerdaach hun, wann et reent. Mä ënnert deem rouden Zillendaach läit Joer fir Joer masseg frëscht Stréi, an deem déi Gräuperter Schoulkanner zënter Jorzéngte spillen a rolzen. Deem heitege Bauer vun Haangels geet dat grad sou op den Napp wéi virdrun séngem Papp, an en huet och scho méi wéi eng Kéier bei de Gräuperter Schoulmeeschteren a Léierinne reklaméiert, mä deenen hir Raiberband gesäit de Bauer oder séng zwéi grouss Jongen ëmmer scho vu wäitem iwwert d'Gewan kommen; dann as een nach ëmmer séier genuch am Kuebebësch verschwonnen, ier et Sträpp gët. A wann se wiirklech mol am Äifer vergiessen, fir opzepassen, da sin et d'Kueben, déi uewen an de Krounen opfléien an e fierchterleche Spektakel schloen, wann een op honnert Meter rukënnt. "D'Kuebe sin eis beschten Alarmanlag", sot den Tolly mol zum Jim.
Blofierwesch Tolly dreift sech dacks, souguer ganz leng, a Kréiwénkel an an der Haangelser Haart rëm. Hien huet bal eelef Joer, mä en as nët iwwerméisseg grouss fir säin Alter. Am Kapp as en sou hell wéi um Kapp, mä an der Schoul as hien nët onbedéngt där fläissegster een. Emsou méi weess hie Bescheed, wéini d'Kuebe Jonger an den Näschter hun, a wien him am Duerf fofzeg Frang fir e Bucki Schlësselsblummen oder Meeréisercher gët; z.B. d'Marechen oder d'Millesch. Séngem Bop huet hie scho méi wéi eng Kéier verzielt, en hätt séng Häusaufgaben am Haangelser Haische gemaach. Dee gleeft dat awer ni sou richteg; a scho guer nët, wann den Tolly verdreckst a verschréipst de Béchel rofkënnt an sech nach séier um Bur d'Been an d'Schong ofwäscht. Wann en dann am Häus oder am Gaart opdäucht, da kuckt en dran, wéi wann e kenger Méck eppes kënnt doen.
Eppes huet den Anatol Weis, dem Tolly säi Bop an Dafpätter, awer gegleeft. Virun e puer Deeg koum de Bouf bei hien an d'Kichen an huet opgereegt an an engem Otemzuch verzielt, a Kréiwénkel géif et e Kueb, deen nët méi fléie kann. En hätt nieft enger décker Eech am Laf gesiess an hie komesch bekuckt an e puermol Kreesch gedon; an e wir réischt fortgehippt, wéi hien no him gegraff hätt.
De Bop, deen séng véieranuechzeg Joer um Bockel huet, sot just "abee jo", mä en huet heemlech nogerechent: Mir schreiwe lo 1986. Deemools, wéi hie selwer sou e Kueb a Kréiwénkel gesinn hat, war et Wanter. `t war am Januar oder Februar, vun deem Joer, wéi an Holland d'Däicher gebrach sin. Dat muss 1953 gewiescht sin. De Méchel, dem Tolly säi Papp, hat deemools fofzéng Joer. Hie wollt dem Méchel dat vun deem invalide Kueb nämlech direkt verzielen; genee, wéi den Tolly him dat lo haut geplättelt huet. Mä de Méchel as him an d'Ried gefall an huet him gesot, wat se just virdrun am Radio iwwert d'Stierm an Holland bruecht haten.
A lo kënnt den Tolly a behaapt dräiandrësseg Joer méi spéit, dee Kueb mam futtisse Flillek gesinn ze hun. Dat kann dach nët sin! Deeselwechte Kueb?!
Dach!, duecht de Bop bei sech, ech si jo och schons ural, an d'Kuebe kënne méi al gi wéi d'Leit; hannen um Enn as dat wiirklech deeselwechten. Dat war deemools och a Kréiwénkel an nët am Kuebebësch, wou all déi aner Kuebe sech ophalen.




Josy Braun
KRÉIWÉNKEL
180 Saïten - 19 EURO

BESTELLEN








textes online * homepage