Georges Kieffer
GEORGES KIEFFER


Schierbelen
Roman





1. D'Rhumm a Schierbelen


Décken Niwwel louch iwwert der Uelzecht. Den ale Mann huet dat vun uewen aus nët anuecht geholl. Gëschter beim Fest hat hien eng zolid an d'Been krut. Hie war zwar nët méi schiggeri, awer nach eng Grimmel duseleg.
Dofir sëtzt den ale Mann elo mueres - keng genee Auer-zäit - vläicht nach virun de Kiwwelen, `t as egal, esou laang den Niwwel iwwert der Uelzecht hängt, och fir d'Bussen as et nach ze fréi. Fuer weider, d'Zäit spillt keng Roll, so endlech, wou den ale Mann sëtzt!
Tëschent dem Schëld, wou 12 Prozent drop steet - do huet den ale Mann am jonke Mueren (looss et stoen, och wann et kitscheg kléngt, et steet elo do) un déi déck auslännesch Bussen an u séng Promill geduecht. O.K. esou kéint et klappen, fir d'éischt schwätzen d'Prozenter oder d'Schierbelen aus verwuerelte Gedanken. D'Bussen hun Zäit, et as nach ze fréi, an et as och nët séng Geschicht. Jérome... De Fuedem? A jo, den ale Mann setzt sech tëschent dem Schëld an der Tréierer Puert, laanscht déi een op d'Rhumm kënnt, op eng Bänk.
Sou. Den ale Mann huet séng Plaz. Festgeneelt op der Bänk, an där d'Holzwierm nach schlofen. No e puer Stonnen, nodeems hie séng Gedanke gesponnen, wäert hien opstoen, fir am zidderege Bou bei d'Dreckskëscht erofze-trëppelen. Elo as se nach voll, den Service hygiénique kënnt méi spéit. Freë mir ons antizipatoresch, ob dës eenzeg Bewegung am Kapitel, ausser de Bussen. Keng Angscht, den ale Mann wäert kaum fest aschlofen, héchstens kuerz entnaupen, och da krauche mir a séng Klatz eran, an engem Stéck. Bis den décke Bus kënnt, an dann de Jérome...
Mä erzielt hien ons elo, d'Wierm si knaps erwächt, e Stéck aus sengem Liewen? Stéck ewéi e Stéck Ham, gutt ofgewien, nët muedebëtzeg, kloer. D'Rhumm kann nët komplett sin, e ganzt Liewen, ofgewiën, jhust Prozenter kréie mir. Maximal ewéi eng Birendrëpp, vun deenen den ale Mann der gëschter éng etlech gesoff hat, minimal ewéi de Saz vun engem schlechte Riesling.
Genuch. Erwaarde mir ons nët ze vill, wann et gutt geet, gi mir iwwerrascht. Bis elo goufe mir nueren enttäuscht. Och vum Jérome... Ech mengen, wat wësse mir scho vum ale Mann?
D'Schieferen - e plutot rare Lëtzebuerger Familjennumm, nët ewéi Müller oder Schmit, sin aus dem Éislek gebierteg. Eng Generatioun vu Leëndecker, uechter d' Joërhonnerten. Wéi de Charel 1910 op d'Welt koum, war hien als Leën-decker prädestinéiert. Mä am zweete Schouljoer goung eppes schief: ouni Erklärung huet hien eng Kéier all d'Schiefertafele vun sénge Schoulkomeroden gebrach.
De Schoulmeeschter huet ni gefrot firwat, huet d'Pouke gesat, doheem huet de Martini gewaart.
Als Strof huet de Bouf missten déi 29 Puzzelen, aus butzegklénge Schieferschierbelen, erëm zesummesetzen. Eng Heedenaarbecht. An duerno d'Blamage, wéi hien huet missten mat waarmer Kräid 29 Mol 20 Mol "Ech däerf kéng Schiefertafel futti maachen" op d'Tafele krozelen. Hat de Charel den Don, mat Leën ëmzegoen, nët mat an d' Wéi geluegt krut? Dach, well Leëndecker gouf hien nawell.
Duerno huet hien zu Maarteleng an de Leekaulen ge-schafft, esouguer bis zum Viraarbechter huet hien et bruecht. Déi Zäit as eriwwer, alles zou. An enger lëtzebuergescher Illustréiert hat hie viru kurzem en Artikel iwwert Maarteleng gelies: anscheinend wäer elo erëm fir Touristen op, et géifen esouguer Kachkéiseschmiiren op Schieferplacken zervéiert. Vu plakege Meedecher. Déi ware leider nët am Artikel ze gesinn, dofir awer ural, schwarz-wäiss Foton. Op enger war de Charel Schiefer ze gesinn: am Murkstrikot, Hummer a Meessel am Grapp, huet hien an den Apparat gelaacht. De Jérome hat him d'Illustréiert laanschtbruecht a séngem Papp versprach (dem Jérome as nët ze trauen) eng Kéier en Ausfluch op Maarteleng ze maachen. Dann hätte si zwee sech erëmfonnt. Awer et war ze spéit.
Geet dëst duer? Den Numm an de Kaleidoskop: Biller vun de Schierbelen, de Schwonk vun der Schoulmeeschteschhand mam Lineal, d'Fluppe vum Martini? Nee. Och als Kontrast zur stoscher Haltung vum ale Mann bleift et schwaach. Virun 10 Joer nach hätt hien dëst besser kéinten erzielen.
Mä hëpp, tommel dech, ier d'Busse kommen. Du hues nët gemierkt, datt den ale Mann dir iwwert dem Erzielen awer agepennt as. Wéi soll et elo weidergoen? Ah, kruebel a säi Kapp a kraz d'Schierbelen zesummen. Oder nee, fierf se nach e bësschen. De Niwwel as jo elo verschwonnen, an du gesäiss de Charel gutt. Beschreif, hie fir d'éischt, andeems du d'Fro beäntwers. An de Kapp klamm duerno.

1.) Wéi as de Charel Schiefer ugedoen? E speckege Beret (schwaarz), e karéiert Hiem (schwaarz, giel a rout), eng gro Bocks mat Bretellen (eng Nummer ze wait), e Puer déck wëlle Strëmp (blo), schwaarz Schung an e Paltong. Och wa mir nët am Charel sénger Wäsch stiechen, d'Faarwe sin nët méi verwëscht. D'Kleedchen as besuddelt. De laange Kalzong wäiss, brong a giel. An der Nuecht war hien opgestanen an op d'Dëppe getierkelt fir ze pissen an ze katzen. Dobäi hat hien nët richteg mam Krissbinni an den Emaille gediicht - merde, Jérome, d'Villeroysschierbelen, spéider méi... Ouni wéi soss de Krinni mat engem Stéckchen Toilettepabeier ofzebotzen, huet hien de Lepp egal wéi hannert de Rimm gestach. Wou dat brongt hierkënnt, kënne mir faleloossen. D' Bild vum Charel Schiefer an de Kleder as faarweg genuch.

2.) Wat stécht dran, wéi gesäit de Charel aus? Al, nach schléifereg an am Dusel, d'Gesicht agefall, gro An, giel Zänn - vum Fëmmen, 22 Longebréidecher den Dag huet de Charel geflutscht, d'ziddereg knacheg Hänn hun all Dag 22 Mol an de Pak gegraff. Eng kleng Rent an op der Rhumm, awer nët beim aarme Jhang. De Pleséier, deen séng Fra him 40 Joer wollt verbidden, hat hie mat 87 bäibehalen. Séng Fra as virun 20 Joer gestuerwen, no laanger Krankheet, wéi een esou elle seet, ouni de Kriibs an de Mond ze huelen, an u Chimio ze denken. De Jérome war - stop, mer, d'Villeroysschierbel as erëm do, déi gëss de nët méi lass!

3.) Wat den ale Leëndecker vum Fest op der Rhumm behalen huet ? Eng déck Bëltz, 9 Riesling, an etlech Bierebeemecher, 2 Kotletten, schéi Wierder, datt d'Rhumm fir déi al Leit misst erhale gin, an d'Villeroysschierbel.

4.) Wousst de Charel, datt d'Wuert Rhumm aus dem Kel-tësche koum, vun insula rama, an dass de Vauban séng Kasären um Plateau hat? Nee, dës lescht Fro war him esou laang ewéi breet.

Geschwënn wäert den ale Mann, wéi versprach, endlech vun der Bänk opstoen. Am Moment kuckt hien dem auslännesche Bus no. En dréit a kéiert, setzt zeréck, fir d'Tréiererstrooss eropzedrécken. Den Ex-Leëndecker as virwëtzeg, op de Chauffeur de Kulang vum Schieferdaach nët téckt. Et si scho muench Knuppen an Téitschen dran, méi ewéi ee Spigel as a Schierbele gaang.
De Bus versicht fir laanscht d'Tréiererpuert, d'Bänk mam Charel an den 12 Prozent a Richtung I.N.S. ze fueren. Do wäert de Guide de Leit erzielen, datt de Barthels Jos zu Helsinki enger Goldmedaill nogelaf as. Ausserdem ware mir Weltmeeschter am Sportfëschen, am Keelen an am Humpestemmen - ha, ha, laachen d'Touristen aus dem Bus eraus. An nach d'Epopée glorieuse vum Charly Gaul. De Charel wousst, datt de Guide dëst alles verzape géif. Zemol matzen am Summer, de Bus war eng Sauna, an d'Dir stoung speraangelwäit op, doduerch huet den ale Mann villes matkrut, wat de jonke Guide an de Mikro gejot huet. Awer deemols waren et Preise gewiescht, an de Charel konnt bal all Wuert verstoen, an huet esouguer d' Schweessflecken um Guide séngem Hiem gesinn. Dës Kéier waren et sécher Amerikaner.
Komesch. Hien hat zwar eng gréisser am Kanelli gehat. Dofir koum säi Gehir jhust luess op Tueren. Awer elo, esou kloer - an der Nuecht, wéi hien um Troun hung, war et normal, well op dene meeschte lëtzebuergeschen Toiletten "Villeroy et Boch" steet. "No problem", géif den Ami soen. Nodeems de Charel säi Mo eidelgemaach hat, duecht hien: "Nondikass, d'Liewen as haart ewéi e Kabineesdeckel. Jérome, woufir bass du nët an der Potjampsfabrik bliwwen?"
Zeréck op d'Bänk, an deer grad 2 Holzwierm kopu-léieren. As d'Zäit stoebliwwen oder huet de Charel gefuebelt? De Bus as elo op sénger Héicht. D'Touristen oder d'Schi-Eiën, egal, et sin och nuere Mënschen, och wann si vill Schierbele maachen, soit, d'Leit am Bus wénken dem Charel. Mat Plastikstuten, wou grouss Villeroy dropsteet. Bannendran hu sech e puer Tellere verstoppt, déi mat naive Motiven dekoréiert sin. Déi Zäit, wou de Jérome nach geschafft hat, war hien un der Produktioun bedeelegt gewiescht. Awer doniewt louchen déi gräissleg Platon aus schwaarzer Marbersimitatioun, déi u Graawplacken erënnert hun. "D'Amien flippen drop", sot de Jérome. De Papp wousst nët, wat flippen wäer, aner Saache bloufe grad esou onkloer. Z.B. (gutt, kierz of, dann hu mir dëst Kapitel éischter hannert ons) den Zeremoniell mam wäisse Polfer oder dem Zitrounejus. Bury your dead...
Oh, Jérome! De Bus as lanscht, d'Schierbel bleift. Den ale Mann kräischt. Endlech steet hien op a stäipt sech op säi Bengel, ouni deen et laang gaangen as. Elo brauch hien e fir de Gank bis bei d'Dreckskëscht. Nach ëmmer d'Rhumm. Sonndes. Eppes war op d'mannst falsch: d'Drecksmänne-cher ware guer nët komm, de Back misst nach voll sin. De Mëtte wäert de Kascht besser sin ewéi wietes.
Schued, datt de Charel de Mo op der Kopp hat. Erziel nach e Maufel. De Wee vun der Bänk - äddi Wierm! - bis bei de Back. Oder d'Jéromesschierbel, et as enges.
D'Jéromesschierbel, Ufank. Séng Fra an hien haten hie virun 36 Joer krut. E Schiefer méi. E gouf nët Leëndecker ewéi säi Papp, en as aus der Rass geschloen. Vu klengem un huet hie sech fir Porzeläin a Faarwen interesséiert. Eemol hat hien an der Spillschoul d'Toilette mat Gouache - a Waasserfaarwe voll bemoolt. Bemoolt, nët beschmiert! All déi sëlleche Blummen, Päiperlekken a Reebéi, déi de Bouf dohinner gezaubert hat, waren eng Pracht. D'Schmierereie vun de Gaassebouwe waren am Faarwemier erdronk. D'Spillschoulsjoffer war paff! Nët nëmme war de schaarfe Geroch, dee bleift, wann d' Kanner vergiessen ze zéien, vum frësche Faarwendoft verjot gin. Besonnesch d'Ae kruten eppes mat. "Nee, aus dir gët nach eng Kéier en zweete Picasso", sot d'Joffer, déi u plakeg Mauere gewinnt war. Fir séng Meeschterprüfung krut de Jérome Zockerbounen aplaz Streech.
D'Halschend vum Wee huet de Charel elo hannert sech. D'Tréine bonzeln d'Bake méi séier erof. Kuerz bleift e stoen, ier d'Rhumm a Schierbele weidergeet. Direktioun Drecksback, dem Enn zou.
D'Jéromesschierbel, Schluss. Mat 16 Joer koum de Jé-rome bei Villeroy et Boch. Do as et vum Léierbouf iwwert de Fléissband schëtzeg eropgaange bis zum technesche Beroder fir nei Motiver. D'Meeschterprüfung schon zanter der Spillschoul an der Täsch, huet de Jérome monter droplass geschafft. Geschafft as de falschen Ausdrock, gespillt wäer besser, matt esou enger Liichtegkeet huet hien déi nei Kreatiounen entworf: Reebéi aus honnertdausend onbekannte Faarwen.
Lues. Fänk léiwer en neien Abschnitt un, soss gëss de midd. Wanns de déch langweils, dann as dat och eng Parti déng Schold. Ech mengen, du muss der dem Jérome séng Schierbele bildlech virstellen. Matkucken, hannert den Niwwel, iwwert allem leien d'faarweg Schierbelen aus dem Jérome sengem Kapp. Kee wousst, datt si aus kënscht-lechen Dreem bestoungen, am mansten de Papp. Nom Dout vu sénger Fra war de Jérome nach deen eenzegen, deen hien emol op d'Rhumm besiche koum. Frick, flott Mossen a friséiert Tëffen hat hien en masse. An der Firma war hie Quelqu'un, dobäi huet hien ni eng Krawatt ugedoen. Ëmmer huet hie séngem ale Papp eppes Klenges matbruecht. Bei sénger läschter Visit war et en Äschebecher, e Produktiounsfehler, an deem de Charel seng Zigaretten ausgedréckt huet. Deemols hat hie méi schlecht ausgesinn ewéi säi Papp. De Charel wousst näischt vum klengen Täschespigel mat de wäissen, laanggezunnene Linnen, dem verkockelte Läffel, der Sprëtz an de vermuuschten Zitrounen, a wann, dann hätt hie sech näischt kéinten dobäi denken.
Awer eemol, do hat de Jérome a séngem Büro vergiess, d'Dir zouzespären. E fatale Fehler. Matzen am Wanter hat eng Mustik hie gepickt. De Kapp war op de läschte Projet gefall: feireg Draachen a Schlaangen, déi plakeg Geishae geschléckt hun - natiirlech fir den asiatesche Marché. De Kaméidi vun de Schierbelen hat de Chef alarméiert. Säi Büro war jhust niewendrun. Dem Jérome seng Karriär war eriwwer.
Bass de elo midd, ewéi den ale Mann? Onzefridden? Bestëmmt nët esou vill wéi d'Müseesstéck vun der Rhumm mat der Schierbel am Kapp. Vill kënnt nët méi, gläich as et fäerdeg, wann de Bus kënnt, an da geet et mam Jérome virun. De Charel as beim Back ukomm. En as eidel. Ko-mesch, an dat op e Sonnden. Enttäuscht trëppelt den ale Mann zeréck, nodems hien déi éischt fir haut ugemaach huet. Op der Rhumm gët et haut Escalope de Veau, Pom-mes Dauphines, Becquerelszalot an Äerdbiirsglace. Op Villeroy zervéiert.
De Charel huet un en Artikel geduecht, deen hie gëschter an der Zeitung gelies hat. Do stoung: "De Péitruss-Jangeli" (Iwwerschrëft).
"Watderjomer huet den "Zichelchen" dann domat ze din? Mä ganz einfach: hie fiirt e Stéck vun eiser Identitéit spadséieren, an hie fiirt mat Geschichten iwwer eis Geschicht duerch e Stéck Geschicht... Et schéngt, ewéi wa mir lues a lues drop kéimen, eis besser ze verkafen... et geet wiirklech nët duer, datt hei en Tourist egal wat fir e kitschege Quatsch fir seng gutt Sun als "Souvenir" opgeschwat kritt: eng Pëppche vun iwwerall an néierens, matt "Souvenir de Luxembourg" um Schiirtech... a "Made in Taiwan" ënnert de Féiss.....
Dem Charel seng läscht Gedanke waren. Primo: "Tüüt, tüüt, de Jangeli as erëm do, alles gët gutt, keng Busse méi, leet Schinnen op d'Rhumm fir déi al Leit!" Sekundo: "Made in Taiwan, dat as Asien. Tschëft d'Jéromesschierbel, fir d'allerläscht, woufir konns du déng faarweg verdreemten Draachen nët fortschécken? Merde in Luxembourg!" De Charel gesouch nach jhust de Péitruss-Express ënnert der Biisserbréck eropfueren, ier hien dout ëmgefall as.
Op der Rhumm hu si séch all gefrot, woufir de Charel Schiefer mat séngem Äschebecher aus Villeroy begruewe wollt gin. Stëbs a Schierbelen. Iwwert der Uelzecht louch keen Niwwel méi.



aus:
"Schierbelen"
Roman
Beschte Roman (ex aequo) vum Nationale Literaturconcours 1997
Editions Phi, 1998
170 Seiten - 19 EURO
Online bestellen




textes online / retour home page