Jean-Paul Jacobs
JEAN-PAUL JACOBS


Firwat as dem Denise
séng Bitzmaschin
da geckeg gin?


1. De Jean-Paul hëlleft dem Girardelli schifueren



De Jean-Paul: Marc!

De Girardelli: A Jean-Paul! Ee Moment, elo kënnt grad eng Kéier no lénks ...

De Jean-Paul: Ma huel se! Hal däin Handy fest!

De Girardelli: Dat maën ech ... o, elo kënnt nach eng Kéier no lénks!

De Jean-Paul: Huel se Marc!

De Girardelli: `T as schwéier! `T geet mer ze séier.

De Jean-Paul: So lauschter emol Marc, mir hun eng schlecht Kommunikatioun ...

De Girardelli: Lo kënnt eng Kéier no riets!

De Jean-Paul: No riets? ... Marc, héiers de mech? ... Hallo Marc?

De Girardelli: Jean-Paul, ech verstin dech nët ... o nom de Dieu, elo kënnt e Bockel, ech muss sprangen ...

De Jean-Paul: Ma da sprang Marc!

De Girardelli: Mir hun eng ganz schlecht Kommunikatioun ...

De Jean-Paul: Ech verstin dech och bal nët ... ech leën op a ruffen nach eng Kéier un ....... Marc, héiers de mech elo?

De Girardelli: Wat sees de?

De Jean-Paul: Héiers de mech?

De Girardelli: E bësse besser ... nach e Bockel! Ech sprangen!

De Jean-Paul: Hal däin Handy fest!

De Girardelli: Elo geet et erëm no lénks!

De Jean-Paul: No lénks?

De Girardelli: Jo ... wat eng Schäisskéier!

De Jean-Paul: Ma huel se!

De Girardelli: Ech hu se gehol!

De Jean-Paul: Muss de dann nach wäit fueren?

De Girardelli: Jean-Paul, wat eng schlecht Kommunikatioun! Wat sees de?

De Jean-Paul: Muss de nach wäit fueren?

De Girardelli: `T geet nach zwee Kilometer erof ... mat iwwer honnert an der Stonn!

De Jean-Paul: Ma dat as séier!

De Girardelli: Nondikass ... eng ganz schaarf Kéier no riets!

De Jean-Paul: Looss e fueren! Hal den Handy fest!

De Girardelli: Ech halen e fest ... Lo kënnt dee gréisste Bockel ... Ech muss fofzeg Meter sprangen!

De Jean-Paul: Fofzeg Meter? Dat kéint ech nët ...

De Girardelli: Du fiers dach och nët Schi ...

De Jean-Paul: Wat as dat fir e Kaméidi am Telefon? Héiers de dat?

De Girardelli: Hop, ech sin iwwert de Bockel!

De Jean-Paul: Bas de gesprongen?

De Girardelli: Jo ...

De Jean-Paul: Fal nët! Géf Gas!

De Girardelli: Lo kënnt méi e flaacht Stéck, do geet et méi liicht ...

De Jean-Paul: Fal nëmmen nët!

De Girardelli: Ech falen dach nët!

De Jean-Paul: Du bas awer schon dacks gefall ...

De Girardelli: Awer scho laang nët méi! Lo kënnt eng ...

De Jean-Paul: Wat kënnt?

De Girardelli: Jean-Paul!

De Jean-Paul: Marc?

De Girardelli: Wat hues de gesot?

De Jean-Paul: Ech hun dech gefrot, wat kënnt ...

De Girardelli: Jean-Paul, ech verléiere méng Box!

De Jean-Paul: Ma hal se fest!

De Girardelli: Dat geet nët, Jean-Paul! Ech verléiere méng Box, nom de Dieu! Si rutscht!

De Jean-Paul: O, dat as awer nët gutt! Du bas vläicht dach ze séier ...

De Girardelli: Lo as se fort!

De Jean-Paul: Hues du elo keng Box méi un?

De Girardelli: Ma fro nët esou domm!

De Jean-Paul: Muss du dann onbedéngt elo weiderfueren?

De Girardelli: Ech muss dach trainéieren! `T as schwéier ouni Box!

De Jean-Paul: As se ganz fort?

De Girardelli: Jo ...

De Jean-Paul: Hues de déng Bretellen dann nach?

De Girardelli: Watfir Bretellen? Ech verstin dech ganz schlecht. Wat as dat fir eng houer Kommunikatioun!

De Jean-Paul: Ma déng Bretellen!

De Girardelli: Dat war eng Box mat engem Rimm.

De Jean-Paul: Mat engem Rimm? As deen och fort, oder hues de deen nach?

De Girardelli: `T as alles fort ...

De Jean-Paul: D'Box mam Rimm? O, dat as awer penibel!

De Girardelli: Wat sees de?

De Jean-Paul: Ech hu gesot, dat wär penibel ...

De Girardelli: O ... nom de Dieu ... méng Mutz!

De Jean-Paul: Wat as mat dénger Mutz?

De Girardelli: Hues de gefrot, wat mat ménger Mutz as?

De Jean-Paul: Jo, wat as da mat dénger Mutz?

De Girardelli: Si as och fort ...

De Jean-Paul: Déng Mutz!? As dat wouer? Ma dat kann dach nët sin! Dat as awer nët gutt fir däi Kapp! Wouhin as se da geflunn?

De Girardelli: Ech wees et nët! Si as fort. Ech spieren et um Kapp ...

De Jean-Paul: Erkal dech nët!

De Girardelli: Ech mengen, ech fueren ze séier! De Wand as ze staark!

De Jean-Paul: Hues du Wand? Hei as awer keen ...

De Girardelli: Wou bas du iwwerhaapt, Jean-Paul?

De Jean-Paul: Ech leien am Bett ...

De Girardelli: Du läiss am Bett? Bas de midd?

De Jean-Paul: O, ech sin haut liddereg! So lauschter emol, Marc, fiers du sérieux esou gär Schi?

De Girardelli: Ech fueren awer nawell léiwer mam Auto ...

De Jean-Paul: Mam Auto? Am Auto wär dat och nët esou schlëmm mat dénger Box! Do gesäit dat jo kee Mënsch ...

De Girardelli: Ech géif awer och nët gär ouni Box mam Auto fueren ...

De Jean-Paul: Hal nëmmen däin Handy fest!

De Girardelli: Ech hun e fest am Grapp ...

De Jean-Paul: Dann as et gutt! Soss as et bal eriwwer mat eisem Getelefonéiers ...

De Girardelli: O, ma so dat nët!

De Jean-Paul: Majo, Marc, dat geet heiansdo séier am Liewen. Kaum as ee gebuer, as ee schon dout ...

De Girardelli: Erziel dach nët esou grujheleg Saache beim Training! Ech verléiere jo och nach méng Motivatioun!

De Jean-Paul: Déng Motivatioun?

De Girardelli: Ech si ganz staark motivéiert, Jean-Paul ...

De Jean-Paul: Wéinst de Suen?

De Girardelli: Wat sees de?

De Jean-Paul: Ech hu gefrot, wéinst de Suen ...

De Girardelli: Wee schwätzt dann hei vu Suen? Ech fueren nët fir Suen, ech fuere fir Milliounen!

De Jean-Paul: Wéini kënnt dann di nächst Kéier?

De Girardelli: O, ech menge geschwënn. Ma du sees et! Hei kënnt eng!

De Jean-Paul: No riets?

De Girardelli: Nee, no lénks!

De Jean-Paul: Wer den Wind sät, wird den Sturm ernten ...

De Girardelli: Schwätz dach emol méi haart, ech héieren dech schlecht ... Watfir eng Schäisskommunikatioun!

De Jean-Paul: Wer den Wind sät, wird den Sturm ernten ...

De Girardelli: As Stuurm zu Berlin?

De Jean-Paul: Hei as kee Stuurm ... awer du hues anscheinend nach ëmmer vill Wand do ...

De Girardelli: Läiss de nach am Bett?

De Jean-Paul: Ech sti geschwënn op, an da gin ech een huelen ...

De Girardelli: Gees d'an d'Paris Bar bei de Michael?

De Jean-Paul: Paris Bar, very famous artists! Lüpertz! Baselitz! Alles grooossse Künstlääär! Pei! Catherine Deneuve! Michael Douglas! Van Gogh! Ho-mer! Beethoven, Casanova, Möricke ... an esou weider!

De Girardelli: An do verkéiers du?

De Jean-Paul: Ech gin heiansdo dohin een huelen. Ech kennen de Michael scho laang ...

De Girardelli: Ma du bas dach awer nët prominent!

De Jean-Paul: Firwat soll ech dann nët prominent sin! An der Paris Bar as all Mënsch prominent! Wann déi aner et sin, da sin ech et och!

De Girardelli: Jean-Paul, ech muss oppassen, lo kënnt di Kéier do ...

De Jean-Paul: Déi no riets?

De Girardelli: Ma nee, déi no lenks!

De Jean-Paul: Ma dann huel se! Du hues der dach scho vill geholl!

De Girardelli: Ma du awer och!

De Jean-Paul: Awer keng Kéieren! Ech hu vill Pätt geholl!

De Girardelli: Ech fuere Schi an du läiss am Bett!

De Jean-Paul: Dat as esou am Liewen, déi eng leien am Bett, an déi aner leien op der Strooss ...

De Girardelli: Dat war eng terribel Kéier!

De Jean-Paul: Hal däin Handy fest!

De Girardelli: `T schneit zevill! Ech gesi bal guer näischt méi ...

De Jean-Paul: Fuer duurch Marc!

De Girardelli: Nach esou en houere Bockel ... Ech gi mat honnert driwwer ...

De Jean-Paul: Kanns de nët bremsen?

De Girardelli: Bremsen? Bas du geckeg? Wéi soll ech dann hei bremsen?

De Jean-Paul: Dat weess ech dach nët!

De Girardelli: Ma du bas gutt!

De Jean-Paul: Firwat brëlls de dann esou an den Telefon? Ech gi jo daf!

De Girardelli: Brëllen ech esou?

De Jean-Paul: Marc, ech verstin näischt méi ... wat as lass?

De Girardelli: Jean-Paul?

De Jean-Paul: O as dat eng schlecht Kommunikatioun! Hal däin Handy fest!

De Girardelli: Jean-Paul! D'Kommunikatioun as formidabel schlecht!

De Jean-Paul: Fiers de nach? ... Ech héieren näischt ...

De Girardelli: Jean-Paul, bas du nach drun?

De Jean-Paul: Marc, fiers de nach?

De Girardelli: Jean-Paul, héiers de mech?... Ech leien op der Panz!

De Jean-Paul: Lo héieren ech dech erëm ... wat sees de?

De Girardelli: Ech leien op der Panz ... ech mengen, ech hun de Fouss gebrach ...

De Jean-Paul: Watfir e Fouss?

De Girardelli: Ech hun de rietse Fouss gebrach, nom de Dieu!

De Jean-Paul: Ma da rësel emol däi Been!

De Girardelli: Nom de Dieu!

De Jean-Paul: Ma rësel däi Been!

De Girardelli: Mäi Fouss as gebrach!

De Jean-Paul: Ma ech hun der dach gesot, du solls däi Been rëselen! Nom de Dieu, wat fir eng schlecht Kommunikatioun! Wat hues du do fir en Handy? Deen daacht dach näischt! Kaf der emol e besseren!

De Girardelli: Aua ... aua ...

De Jean-Paul: As et däi Fouss? Ma du rësels däi Been nët! Rësel et emol! Du muss et ganz fest rëselen! Marc, héiers de mech?

De Girardelli: Aua ... aua ...

De Jean-Paul: As et däi lénkse Fouss?

De Girardelli: Ma nee ... nom de Dieu!

De Jean-Paul: Dann as et däi rietsen! Da muss du däi lénkst Been gutt rëselen!

De Girardelli: Ma erziel dach nët esou e Kéis!

De Jean-Paul: Ma dat as kee Kéis! Bas du Dokter? Du muss däi lénkst Been rëselen an der d'Oueren zouhalen!

De Girardelli: Aua .. wat soll ech? Fir wat soll ech mer dann d'Oueren zouhalen?

De Jean-Paul: Dann héierst de däin Aua nët, an dann deet et och nët esou wéi!

De Girardelli: Mengs de?

De Jean-Paul: Ech weess dat. Rësel däi lénkst Been an hal der d'Oueren zou!

De Girardelli: Soll ech dat maachen?

De Jean-Paul: Du kanns jo och bei de Coiffeur goen!

De Girardelli: Ech war eréischt beim Coiffeur ...

De Jean-Paul: Ma ech och ...

De Jean-Paul: Marc, du wars ze séier! Ech hun der gesot, du solls bremsen!

De Girardelli: Ma ech kann dach beim Schifueren nët bremsen!

De Jean-Paul: Du muss onbedingt bei den Dokter!

De Girardelli: Ma hei as dach wäit a breet keen Dokter!

De Jean-Paul: As keen Dokter do?

De Girardelli: Ma wou dann? Wou soll hei en Dok-ter sin?

De Jean-Paul: Ma du muss awer bei den Dokter!

De Girardelli: Jean-Paul, ech héieren dech erëm guer nët méi ...

De Jean-Paul: Marc! Wat as lass? D'Kommunikatioun as ganz schlecht ...

De Girardelli: Wat eng Sauerei!

De Jean-Paul: Marc? Lauschter emol ... Hallo! ... Hallo! ... Héiers de mech nët?

De Girardelli: Wat eng Sauerei!

De Jean-Paul: Hallo Marc, ech héieren dech guer nët! Du muss bei den Dokter!

De Girardelli: Hallo? ... Hallo?

De Jean-Paul: Hallo? ... Hallo? ... Hallo?

De Girardelli: Hallo ....

De Jean-Paul: Hallo?

De Girardelli: Hallo ...




aus:

Firwat as dem Denise
séng Bitzmaschin
da geckeg gin?




Editions Phi, 1998
120 Seiten - 12,50 EURO
Online bestellen




textes online / retour home page