NICO HELMINGER

Iwwer Land



14 EURO
Bestellungen iwwer E-MAIL




en ausflug

frësch loft, wéi een sou seet. an dach. d'renée war grad réischt zwee deeg aus dem spedol, huet nach ëmmer missen zimlech vill där pëllen huelen, war bleech, roueg, onsécher. d'schnëtt, jhust hannert den handgelenker, waren nach gutt ze gesin, zwee roudelzeg strécher, déi ët opmierksam mam wëllne plower verstoppt huet. ëmmer rëm huet ët d'äärm vum plower no vir gezun, bal bis an d'halschécht vun den hänn.
- wou solle mer hi fueren?
d'renée huet d'schëllere gehuewen.
- egal, sot ët, iergendwou.
en neien ufank maachen, jo, `t as kee schlechten dag haut: keng eenzeg wollek um himmel, eng waarm heemlech summerloft, an nëmmen déi liicht giel blieder, déi lues erof schwiewen, soen, datt ët bal hierscht as. d'stad wär him zevill, hat d'renée gemengt, zevill wibbleg an zevill doudeg zegläich, zevill steen, zevill keelt, zevill alles.
- wéi d'spedol, sot ët. de marc wär nach ëmmer do. déi eng sprëtz géif duerch déi aner ersat gin. wann en eraus wär, géif en dach nees ufänken.
déck eechen hun der strooss schiet gin, lénks a riets, souwäit ee gesin huet, hiwwelécht land mat wisen a sték-ker. e bauer huet vum meedrescher erof gewénkt, as an e feldwee agebéit. well mer souwisou duerch de préitzerdall géife kommen, huet d'renée gemengt, kënnte mer jo och nach sénger groussmamm bonjour soe goen. wéi mer du awer um wee fir bei d'haus waren, huet hatt sech anëscht beduecht.
- derno, sot ët, wa mer rof kommen.
op enger wiss, no un der sauer, hu mer eis néiergelooss.
- ech kréie keng loft, sot d'rené, ech bréngen ët einfach nët fäärdeg, déif duerchzeotmen. trotz de pëllen.
mer louche laang do am gras, hun an den himmel ge-stierkt ouni e wuert ze soen.
- d'stréi war anëscht wéi mer geduecht haten, sot d're-née op emol, méi pickeg, gell du, méi stacheleg.
du hu mer allenzwee gelaacht.
mer haten eis déi éischte kéier am stréi verkroch. réischt hanneno war eis opgefall, datt dat am fong guer keen sou e mëlle leër war an datt mer verschidde stréimusteren an d'haut agedréckt haten, sträifen a strummen, an du hat och een dem aneren déi ugepechten hällem vum schweessege kierper gepléckt.
- dräi joer schon!
hannen op der strooss blouf e camion stoen, schwéier beluede mat schaf, still a kachmaschin, alt gerëmpel, hätt ee geduecht. de chauffeur as eraus geklomm, mat him eng fra an zwee kanner. si sin op eis zoukomm, hu bonjour gesot. dem jéngste wär ët schlecht gin am camion, sot de mann, si géifen dofir eng paus maachen. ob mer nët zoufälleg eppes géint de kappwéi derbäi hätten, huet en nach gefrot. mer haten nëmmen dem renée séng pëllen, dat war nët dat rich-tegt.
- merci awer! huet de mann sech sou hallef entschëllegt a si sin rëm bei hire schwéier beluedene camion zeréckgaang.
mer hun nach e bëssen de segelbooter nogekuckt, déi a luesem zickzack iwwert d'waasser geglëtscht sin, hun eis dann och op de wee gemaach.
zu kaunerëf gonge mer an e café eran. d'renée hat loscht e cognac ze drénken. de wiirt huet natierlech mär de cog-nac an him d'spruddelwaasser dohi gestallt. wéi mer du eist gedrénks gewiesselt hun, sot de wiirt spaasseg an erstaunt: ah, de cognac as fir d'joffer!
- jo, huet d'renée gelaacht, heiansdo hun ech gär schaarf saachen! an de wiirt huet weider am spaass gefrot: hätt ech iech vläicht sollten eng gilette bréngen?
du huet d'renée rëm un den äärm vu séngem plower ge-zun.
mer hu kee richtegt gespréich méi fonnt, hu bezuelt a si weidergefuer.
- wann s de sou renns, sot d'renée, dat erënnert mech un de fern, wéi mer an norwege waren. heen as nëmmen drop lass gerannt, richtung nordkapp, all dag weider, ëmmer de fouss um gas. wat soll dat? hun ech hee gefrot, viru wat laafe mer fort? heen huet dat nët verstan a gemengt, ech misst nët ëmmer eppes siche goen.
- `t as scho gutt, ech maache lues.
géint den owend gesouche mer de camion nach emol erëm. ëmmer nach schwéier belueden stung en um bord vun der strooss. d'fra an déi zwee kanner soutzen nach an der kabin, de mann war erausgeklomm an huet mat zwee polizisten diskutéiert. e bësse méi wäit stungen hir mottorieder.
dem renée séng groussmamm soutz am däischteren an der stuff um kanapee.
- well s du do bas, sot si zum renée, maachen ech d'luucht awer un! mee d'éischt gët verdunkelt. ech weess, de krich as scho laang eriwwer, dat gët mol sou gesot, awer ech verdunklen trotzdem.
si huet d'lueden zougeklappt, en donkelgrot duch virun d'fënster gehaang an nach dësen oder deen eck mat lompen ausgestoppt.
mer hun nët vill geschwat.
owes si mer dann an der stad nach een huele gaang.




Nico Helminger
IWWER LAND
144 Saïten - 14 EURO

BESTELLEN







BICHER VUM NICO HELMINGER



textes online * homepage