NICOLE PAULUS
Ech an de Jules
zu Kalanaxo
mat Biller vu R. Bradley Owen
Ech an de Jules, mir sinn an der Vakanz op der Insel Kriti. Mir schwammen all Dag op Kalanaxo, d'Haaptstat vun de Kalamaren. Do lauschtre mer der Melodie vu Kalanaxo no. Do léire mer se kennen, d'Bewunner aus der naasser Welt: De Kaladullo, e coolen, jonken Tëntefësch, de Squid aus dem Aquarium, d'Kassandra mam mauvë Pareo an d'Kamilla mat senger grousser Léift. De Kalaschnikoff, Ënnerwaasser-Topagent, de Kalamaestro a säin Orchester, d'Karetta-Schildkröt, de Gielschwanzschnapper, de Killerhai, den Nautillus an den Jack, déi zwee kleng Mëller aus der Muschel. An nach vill aner Bewunner aus der naasser an och aus der dréchner Welt.
An eis Vakanz zu Kalanaxo dauert laang an ëmmer méi laang...
132 Saiten - 15 EURO
Bestellungen über E-MAIL
Auszug
Säi Frënd, den Jack
Well den Nautillus ëmmer schléifreg a blatzeg a senger Spiralemuschel läit a well hien zu Kalanaxo nëmmen als Museksinstrument intressant ass, kritt keen Tëntefësch mat, datt eppes a sengem Liewe sech verännert huet. Eppes Wichteges! Hien huet e Frënd fonnt. Den Jack!
D'Saach mam Jack wor dem Jules seng Iddi. Muschlen à la Jack fënnt ee vill bei der Plage an op de glëtschege Fielsen. Coquille Saint Jâcques - eng Delikatess fir d'verfroosse Band an den Tavernen.
Ech erkläeren dem Jules, firwat dës Coquillen den Numm Saint Jâcques droen. Heiansdo hunn ech nach e puer Gramm Verstand am Kapp, heiansdo blëtzen nach e puer Fonke Schoulwëssen duerch d'Salzwaasser erduerch.
«Am Mëttelalter - Jules, lauschter no! - si vill Leit a Spuenien bei den hellege Jâcques gepilgert. Am Mëttelmier hu si vill Muschle fonnt, hu si als Souvenir matheemgeholl a se op den Numm «Coquille Saint Jâcques» gedeeft. Duerfir heescht der Muschel hiert Déierche Jâcques. Jakob. Jack.
Den Nautillus kann net schwammen, mee den Jack, hie kann dat. Hie klappt seng Schuelen op an zou a schwëmmt lues am Zickzack duerch d'Mier.
A kritt hien e Sandkär an d'Schuel, wiisst doraus eng Pärel!»
Eng Pärel? Soll déi Jakobsmuschel hei am Jules senger Hand eng Pärel hunn?
Mir mussen dem Jack laang fléiwen, bis hie bereet ass seng Schuel e bësschen opzeklappen an äis e Bléck ran a seng gutt Stuff z'erlaben. Tatsächlech! Do läit eng wäiss, blénkeg Pärel nieft dem Jack sengen Träipen, ganz mëll op sengem Häerz. Mir jäizen «Aaa» an «Ooo» an erféiert schléit den Jack äis seng Hausdier virun der Nues zou.
«Komm, mir schenken dës Muschel der Madame afrodith, där léiwer,» soen ech dem Jules. Mee hie wëllt net. Zevill huet hien am Salzwaasser gebuet, zevill schléit säin Häerz fir d'Mier a fir seng Awunner, ze wéineg intresséiert hie sech fir d'dréche Welt.
Hien huet eng besser Iddi. «Mir schenken dem Nautillus dës Muschel! Da sëtzt hien net méi sou eleng tëscht all deenen Tëntekäpp!»
Dat stëmmt, bis elo trëllt den Nautillus als eenzeg richteg Muschel um Sandbuedem vu Kalanaxo. D'Messer-
muschlen, déi d'Kristina benotzt fir d'Orchestermusek, däerf een eigentlech net matzielen. Déi hu keen Häerz, kee Gehir, sinn nëmme Schläim a flëssege Bulli.
Heiansdo huet de Jules richteg gutt Iddien am Kapp. Hien ass net domm, bestëmmt wor hien e gudde Schüler.
D'Schoul, o mei, d'Schoul...! Misst hien net elo an enger Klass sëtzen, an engem sechste Schouljoer vläicht, op Septième iergend enzwousch, a mëttes heemgoe bei seng Famill, bei seng Mamm, Hausaufgabe maachen, Fussball spillen, Piano üben, anplaz hei mat mir am Mëttelmier ze trëllen, verzaubert vun de Wellen, verhext vun der Mieresmelodie, verluer an ëmmer méi verluer fir d'dréche Welt dobaussen!
Mäi schlecht Gewëssen! Dem Jules seng Mamm! Den Drock vum Salzwaasser op eise Gehirschuelen! Een normaalt Liewen - sou wäit ewech, wäit wäit ewech...!
Ech verschlécke mech un enger décker Schlupp Salzwaasser, déi mäi schlecht Gewëssen an engems matt fortspullt. An d'Gedanke gi rëm fräi fir dat, wat wierklech wichteg ass am Liewen, am Mieresliewen. Wou war ech stoe bliwwen?...A jo, beim Nautillus!
Hie staunt net schlecht, wéi hien enges Muerges säi klengt Bräigesiicht zur viischter Dier rausstreckt a boing! mat senger Nues widdert en Nopeschhaus knuppt. En neien Noper - gëschter war do nëmme Sand!
Den Nautillus, eenzegt Muschelsdéierchen zu Kalanaxo, ass net dru gewinnt, datt Muschlen zesumme liewe wéi Hierken an der Tonn. Energesch dubbert hie widder d'Jakobsmuschel fir ferm ze protestéiren. Virsiichteg schléit den Jack seng Klapplueden e Sputt wäit op a seng Pärel schimmert dem Nautillus an d'Bräigesiicht wéi e wäisst Feier.
Muschle maache keng grouss Wierder, schwätze just e puer Brocken Ënnerwaasser-Griichesch. Sou bleift deen éischten Tête-à-tête vun där enger Zort Muschel mat där anerer Zort Muschel zimlech roueg a bal stomm. Si mustre sech am Glanz vun der Pärel. Sou eng Pärel ka verzauberen; den Nautillus luusst op d'wäisst Feier, faszinéiert an higerass.
Et kënnt sou wéi de Jules et geplangt hat: Déi zwee Muschelsdéiercher schléisse Frëndschaft. Den Nautillus däerf sech am Jack senger Schuel zesummerullen an den Jack däerf sech am Nautillus senger Spiral de laange Wee ausstrecken.
Op all Besuch beim Noper hëlt den Jack seng Pärel ëmmer mat. Sou e wäertvollt Stéck léisst een net onbewaacht um Mieresbuedem trëllen. Géingen d'Kalamarejëffercher eppes wësse vun där heemlecher Pracht, kéint den Jack seng Pärel séier vergiessen. Wéi Spëtzbouwe bewaachen déi zwee Muschelsdéiren hire Bijou, a si eleng däerfe sech am Schimmer vum wäisse Feier sonnen.
Leien den Jack an de Nautillus an der Coquille Saint Jâcques, schloe se d'Klappluede fest zou. Tëscht de raue Schuele fille si sech sécher a gebuergen a kickle souvill, datt hiert Haischen um Mieresbuedem wibbelt a wackelt.
Wëllen déi zwee Muschelsdéiercher den Ënnerwaasser-Panorama genéissen, krauche se riwwer am Nautillus seng Spiralemuschel. Déi huet keng Klapplueden; déi zwee stäipe sech mat den Ielebéi op d'Fënsterbriet a kucken dem Liewen an dem Dreiwe vu Kalanaxo no. D'Pärel läit da gutt verstoppt am Spiralemuschelsspäicher, ganz uewen, a wiermt deenen zwee mat hirem Glanz de Réck.
Endlech kann den Nautillus sech wiere géint den Orkan, deen de Kaladullo a seng Spiral raspäizt bei Orchester-Time. Kënnt de Kaladullo ugedanzt, tockt den Nautillus séierséier widder d'Klapplueden vun der Jakobsmuschel, schlauft beim Jack a bei der Pärel ënner an dann, séierséier, d'Klapplueden zou!
Si sinn e gudden Team ginn a si hunn eng heemlech Klappzeechesprooch entwéckelt:
Eemol klappen heescht: Wéi geet et dir?
Zweemol klappen heescht: Maach wann ech glift op, ech wëll bei dech kommen, mäin Allerbeschten!
Dräimol klappen heescht: HËLLEF! GEFOR!
Ënnen am Mier ass d'Liewe geféierlech (uewen um Dréchnen och!) an den Jack weess genee, datt vill verschidde Patréiner drun intresséiert sinn, e Bléck oder eng Zong oder en Zant hannert seng Klapplueden ze geheien. Duerfir déi heemlech Klappzeechesprooch, déi den Jack an den Nautillus wonnerbar gutt verstinn, mee zum Beispill net - d'Karetta-Schildkröt!
Fir mëll a säfteg Muschelsmäifelcher ass et schwéier ze verstoen, firwat d'Madame Karetta sou beléift ass bei Tëntenfësch an anere Fësch. Firwat hiert gutt Häerz legendär ass a firwat jidwereen vu Freed aus dem Häische geréit, wa si ugeschwomm kënnt wéi e Séielefant.
All Liicht huet säi Schiet, an all häerzensgutt Riseschildkröt huet hire gehäerzten Appetit - op Muschelsdéiercher.
Beim Nautillus a beim Jack ass «Alarmstufe Eins!» ugesot, wann d'Madame Karetta Kalanaxo besiche kënnt. Dann heescht et: Nëmme keng Zäit verléiren!
Duerfir muss och d'Klappzeechesprooch ëmgeännert gin. 't ass net ganz gescheit, bei héchster Gefor dräimol ze tocken a fir en einfachen, frëndleche Bonjour ouni Hetz a Panik just eng eenzeg Kéier. Vun elo un tockt den Nautillus beim Jack eemol bei Gefor (an dat heescht anengems: Maach séierséier op - looss mech séierséier ran - maache mer séierséier zou!), zweemol fir e frëndleche Bonjour an dräimol fir en normale Besuch, ouni Madame Karetta am Hanner(honger)gronn.
Net nëmmen d'Madame Karetta suckelt gäre Muschlen eidel, och de Gielschwanzschnapper ass benzeg op Muschelsfleesch. Hien ass en arrogante Kärel, zitrounegiel vum Kapp bis op d'Schwanzfloss, mat enger Schnëss, déi schnappt a schnappt a schnappt, am léifsten no klenge Muschelsdéiercher, déi an hirer oppener Schuel do leie sech ze sonnen.
Wat fir eng Chance, datt de Gielschwanzschnapper sech fir eppes Besseres hält a bal nëmmen duerch de Koralleriff schnappt. Mee vun Zäit zu Zäit mécht hien e klenge Weekend-Trip op Kalanaxo. Zitrounegiel schlängelt hien do duerch de primitive Séitangbësch a genéisst d'Bewonnerung vun de groe Kalamaren. Hie gëtt u wéi e Sak plakeg Waasserfléi, wann hien den Duerfbewunner all déi Patréiner beschreift, déi him a sengem Jet-Set-Liewen iwwert de Wee schwammen.
Den Zaldotefësch, orange.
De Kinneksfësch, gielblo gesträift.
De Routfeierfësch, Ënnerwaasser-Pohunn, gëfteg.
Den Zitrounenhai, Softi, passt net a seng Killerfamill.
De Bloe Papageiefësch, blo, d'Schnëss gekrëmmt wéi e Schniewel.
Den Ananasfësch, gielzeg brong, e Stéck Uebst mat Flossen drun.
De Fatzefësch, orange, eng Spullomp déi am Mier dreift.
De Barrakuda, Mafioso, mäerderesch!
Den Dugong, trëlleresch, e Koup Speck, e Flantes.
D'Murän, béis, verduerwen, huet Killerinstinkt!
De schwaarze Schwan, majestéitesch, weist sech nëmmen am Indeschen Ozean.
D'Salzwaasserkrokodil, staarke Kierper, schaarf Zänn, lieft och am Indeschen Ozean a soll och do bleiwen!
De Gielschwanzschnapper téint an diedegt iwwert seng intressant Bekanntschaften, seng fantastesch Aventüren, an d'Kalamare lauschtre mat grousser Bewonnerung no. Oder mat Näid, wéi dat beim Kaladullo de Fall ass. Wéi gär wär hie selwer e Kalamar mat konterbonten Tentaklen, an der Pracht vum Koralleriff, oder sou e koole Globetrotter, dee seng Nues souguer an en äisegt Polarmier rastécht.
Dem Gielschwanzschnapper säi Weekend-Trip geet zu Enn, mee éier hien zréckdüst a seng Glamourwelt, wëllt hien nach e bëssche schnappen.
Gutt Ouren héiren dann en Tocken - een eenzegt, Alarmstufe Eins! - an éier de giele Bretzaarsch seng Maul kann oprappen, ass den Nautillus beim Jack ënnergekroch, sinn d'Klapplueden zougejummt. Schnappen heescht net krokéiren, scho guer net d'haart Schuele vun enger Coquille Saint Jâcques, an den exoteschen Angeber muss kucken, datt en ënnerwee enzwousch e klenge Snack opdreift.
Wéi wär et mat e puer Séipouken an e puer Waasserfléi?
De Jules an ech, mir si frou datt den Nautillus net méi eleng do sëtzt a senger Spiral ouni Klapplueden. 't ass net einfach souvill Feinden ze hunn; zu zwee kann een deem aneren hëllefen, zu zwee erdréit alles sech besser.
Ageduckelt an hirer Schuel, d'Pärel um Häerz, féiren den Jack an den Nautillus en eescht Gespréich. Muschle schwätze jo wéineg, kennen net vill Wierder. Duerfir dauert et laang bis deen ee versteet, wat deen anere mengt.
Dat mécht näischt, si hu vill Zäit. An immens vill Zäit wäerte se brauchen, fir dat ze realiséiren, wat se lo just zesumme geplangt hunn. Ënnert dem Schimmer vum wäisse Feier.
Nicole Paulus
ECH AN DE JULES ZU KALANAXO
132 Saïten - 15 EURO
BESTELLEN
Nicole Paulus
Gebuer 1955 zu Gréivemaacher. Goung an d'Schoul zu Lëtzebuerg an zu Léck. Schafft als Assistante Sociale an ass Mamm vun zwee Meedercher, déi mëttlerweil scho grouss sinn. Huet Artikle geschriwwe fir verschidden Zeidungen, virun allem Commentairen iwwert nei Bicher. Huet folgend Bicher bei Editions Phi rausginn: «Schnéi am Kapp» am Joer 1993, «Dem Dracula säin Torschong» am Joer 1995, «Wann de Piano rose gëtt» am Joer 2001.
R. Bradley Owen
Gebuer 1957 zu Vancouver am Kanada. Huet dohanne Philosophie studéiert. Huet sech 1987 op der Insel Kreta niddergelooss a sech ganz der Molerei higinn. Hat seng éischt wichteg Ausstellung am Joer 2000 zu London. Weist seng Biller an der Gagliardi Gallery zu Chelsea. Deelt seng Zäit op tëschent Kanada, Kreta a Lëtzebuerg.
textes online * homepage