POL GREISCH

Léiwe Kleeschen




l.

`t as däischter. D'Quartiersdir gët vu baussen opgespaart, d'Luucht ugeknipst. Eng jonk Fra, d'Arlette, féiert en eleren Här, deen e bëssen hippt, bei eng Fotell.
ARLETTE: Setzt Iech, ech komme gläich.
ÄNDER: Merci.
De Mann, den Änder, setzt sech. D'Arlette geheit seng Posch a seng Jhackett op e Stull a geet séier niewendrun an d'Buedzëmmer: Luucht, Waasser leeft. D'Arlette kënnt erëm mat engem naasse Wäschläppchen a fiert dem Mann dermat iwert d'Stir.
ARLETTE: Dir sid wäiss wi en Duch.
Hatt geet bei den Telefon an hieft op. Wi gepickt as hien an der Luucht.
ÄNDER: Neen, nët, `t feelt mer näischt.
ARLETTE: Sécher?
ÄNDER: Bestëmmt. Ganz bestëmmt. `t as nëmmen de Schreck. Ech war esou erféiert... Vläicht eng Schréip. Um Knéi. Héchstens eng Schréip.
Hie strëppt d'Boxebeen erop. D'Arlette kuckt sech ganz besuergt de Knéi un.
Mol net.
ARLETTE: Ech wär mi roueg. `t kann eppes gebrach sin. Oder gerass.
Hatt fillt de Knéi. Hie schneid eng.
Deet et wéi?
ÄNDER: Neen.
ARLETTE: Wann Der esou eng schneid...
ÄNDER: Ech schneiden ëmmer eng. Da's mäi Gesiicht.
ARLETTE: Maacht keng Witzen... Ech gin awer léiwer...
Hatt wëllt nees bei den Telefon. Hie peekt hatt un.
ÄNDER: Wannechgelift... E Glas Waasser jhust, eng Schlippchen.
Hatt leet him de Läppchen op de Knéi a geet an d'Buedzëmmer. D'Waasser leeft. Hatt kënnt erëm mat engem Glas Waasser. Hien drénkt.
ARLETTE. Firwat wëll Der net datt ech telefonéieren?
ÄNDER: Fir Iech keng Schirereien ze man.
ARLETTE: Härno gët et eng Affär. An dann hänken ech. Well ech et net direkt gemellt hun.
ÄNDER: Dir kënnt dach fir näischt. `t as meng Schold ganz eleng.
ARLETTE: Da loosst Iech mar röntgen, wannechgelift. Éischter sin ech net roueg. Verspriecht mer dat.
ÄNDER: Wann ech wéi hun, jo.
Hatt léisst sech op e Stull falen, as zimlech erleedegt.
ARLETTE: `t as mer an d'Glidder geschlon.
Hatt steet nees op, geet bei de Schaf an hëlt eng Fläsch Cognac mat zwee Glieser eraus.
Huel Der ee mat? E klenge Cognac... géint de Schreck?
Si drénken.
Paus.
ÄNDER: Eigentlech...
Paus.
ARLETTE: Är Box as knaschdeg.
Hie kuckt a reift.
ÄNDER: Da's näischt.
Paus.
Si drénken.
`t as scho besser. Alles ewech. `t war näischt. `t hätt kënnen...
Paus.
ARLETTE: Mäi Gott, huet dat misse sin?
ÄNDER: `t as meng Schold.
ARLETTE méi fir sech: Hun ech net scho genuch?
Paus.
Hatt kuckt op d'Auer.
Hien hieft sech; demonstrativ:
ÄNDER: Heit, ech spiren näischt méi.
Hie béit de Knéi, geet an d'Hippercher, huet awer eng Grimmel Krämpes, nees opzekom- men. Laacht:
Di al Schanken... Wat wëll Der hun:'t as een net méi vun haut a gëscht.
Hien zitt nach engkéier d'Boxebeen erop.
Gesi Der: Mol net geschwollen.
Verleë Paus.
Ech gin dann... A merci fir alles. Fir de Cognac an alles...
Hien hëlt di lescht Schlippchen, mecht awer keng Uluegt fir ze gon.
ARLETTE: Wëll Der nach een?
ÄNDER wénkt neen: ... oder meng Der? opeemol mi lieweg De Cognac, wëss Der: Wann e Stären huet, dräi oder véier... Dat as eppes wi e Feier. Kee Brennen, e Flamen éischter ... op der Zong... d'Strass erof. `t pëtzt eng Grëtz an der Mokailchen, d'Häerz fladdert... Ären huet der bestëmmt dräi... oder véier: Eng Fine. Si verkuerbelt mech e bëssen... Kuckt: Hätt ech eng Fine gedronk beim Fern, aplaz dee sauere Greechen, ech wär vläicht net op di schwaarz...
D'Arlette geet net drop an, ënnerbrecht den Änder a steet op.
ARLETTE: Vläicht misste mer... eppes schreiwen: e Constat. Ech hu kee méi. Oder hun ech nach een am Won, ech weess et net. Waart emol. Bleift een Ament, ech gi kucken... `t as besser `t as eppes geschriwwen. Et weess een ni...
Hatt schitt him nach eraus.
Huelt nach en halwen, wann en Iech schmaacht... Bis ech erëm sin.
Hatt wëllt gon, bedenkt sech awer:
Neen, ech hu keen. Deslescht hätt ech schon ee gebraucht. Mar telefonéieren ech op d'Assurance; si kënne mer ee schécken.
Hatt wullt a senger Posch, zitt e Bic eraus, Pobeieren a reecht him eng Visitekäertchen.
An Dir sid den Här..?
ÄNDER: Hoffer, André.
Hie sicht no enger Käertchen, fënd awer keng.
Ech hun natiirlech keng bei mer, keng Käertchen, wi ëmmer. Zweehonnert Stéck hun ech drécke looss, des lescht fir Neijooschdag. An ëmmer vergiessen ech, eng anzestiechen... oder zwou. Firwat drécks de dann di sëllechen, wanns de ni eng bei der hues wann et gëlt, sot d'Katrin ëmmer. Mä ëmmer vergiessen ech se. Soss sin ech nämlech net vergësserlech, mä d'Käertercher... Wann Der awer gär mäi Pass geséicht...
Hie reecht dem Arlette seng Carte d'identité.
27, Impasse Rodemack.
ARLETTE: Merci. Elo... Schreiwe mer jhust, datt... Waart ech gin Iech e Blat.
Hatt sicht am Schaf a reecht him e Bloc.
... datt Der... datt ech net...
Hatt lauschtert..., kuckt nees op d'Auer, gët opeemol ganz anroueg.
Oder neen: Loosst elo sin. Gitt mer et mar eran, Äert Schreiwes... epuer Wuert. `t as jo net wäit ewech, de Roudemer Wee. Wann et Iech net derangéiert. An da so Der mer, wéi et geet. Gitt elo léiwer. Dir hutt schon eng besser Minn.
Hatt dréckt hie ganz prësséiert op de Gank.
A loosst Är Box botzen.
Hie kritt nach jhust ze placéieren:
ÄNDER: Madame Arlette... Ech... ech wollt... Awuar dann.
D'Arlette späert d'Dir séier hannerun him zou, leet sech een Ament derwidder, krootzelt dann huerteg epppes op de Bloc a raumt alles ewech.
Eng Weil.
Dann héiert ee Schrëtt an der Trap, d'Dir gët opgespaart: De Francis kennt eran, en éischter grousse graffe Kärel, nach jonk ma eng verliefte, versoffe Fisleminn.

ARLETTE: Hei Francis, bas du schon do?
Hien äntwert net direkt, steet jhust do, eng Weil, kuckt, dréit engkéier ronderëm, fixéiert d'Arlette, lëmmelt sech schliesslech op de Canapé. `t läit eppes an der Loft: dem Arlette as et net ganz gemälleg.
FRANCIS éischter léif, awer eng Grëtz ironesch: Sin ech ze fréi?
Onheemlech Paus.
Net fréi genuch?... Oder ze spéit?
D'Arlette sicht eng Explikatioun:
ARLETTE: Ech...
FRANCIS sec: Béier.
D'Arlette leeft séier an d'Kichen, kënnt mat enger grousser Fläsch Béier, mécht him s'op. De Francis rappt dem Arlette d'Fläsch aus dem Grapp, fillt se a gët him s'erëm ouni e Wuert ze verléieren. Hatt leeft nach engkéier an d'Kichen a bréngt eng kal Fläsch, mécht s'op. Hie rappt him se nees aus der Hand, fixéiert hatt schaarf, fillt d'Fläsch, setzt s'un a léisst de Béier a sech eralafen.
Laang onheemlech Paus.

An?
Hien drénkt nees, spréngt opeemol op a geet séier an d'Kichen. Hie kënnt mat denen zwee Drëppeglieser erëm a richt drun. Méi fir sech awer scho bal gutt gelaunt, schéngt et, seet en:
Majo, däi Stippchen huet Stréckele gebraucht, e Knäipchen, Knicksen, Gilette fir de Fraassi, eng nei Baartbiischt... A neen, wou sin ech drun: dat gët et net méi haut, mat Biischte feel- gon... Hauséieren as verbueden.
Paus.
Keng Reaktioun vum Arlette.

Deen Härchen do... dee koum bestëmmt vun der Assurance, oder? witzeg, sarkastesch Tout-Rixes: `t ka mer näischt passéieren... Oder grad? Pass nëmme gutt op, Jong! Keng schwaarz Gedanken... - Oder neen: fir de Brockhaus koum en, den Här. Standing!... Eng Bitzmaschinn, eng Luxmaschinn... - So eppes, Stupp, `t intresséiert mech dach och, deng Händelcher, wat mengs de! Mir sin dach eng Kommünotéit, verziel!
Si sëtze sech gespaant vis-à-vis.
ARLETTE: Ech hun de Mann ugestouss, mam Auto, jhust vrun der Dir. `t as him gottsäidank näischt geschitt. E seet emol. Riicht dran as e mer gelaf. Gutt datt ech scho bal stoung. Ech hätt e kënnen dout iwwerrennen!
FRANCIS onheemlech léif: Neen, ech si paff, wat gët et awer Saachen! Wanns de scho muss een iwwerrennen, da maach et douce, wannechgelift! E butzege Boboche jhust! Eng Kéier geblosen, eng Drëppchen drop an allee- hopp: `t as alles vergiess!
Hie klaakt him eng fatzeg op de Bak a jäizt:
Verziel!
Hatt as därmoossen erféiert, hält de Bak un, kuckt grouss dran a kritt kee Wuert eraus.
Kënnt et da bal!
ARLETTE schléckt: `t as alles.
Hie klaakt him nach eng.
FRANCIS: Nach net!?
Hatt pinscht a wëllt fortlafen. Hie peekt hatt awer ganz brutal un.
ARLETTE: Esou net. Wanns de säifs!
FRANCIS: Ech saufen net, ech drénken. Well ech duuschtereg sin. Mä den Duuscht as mer ver gaang.
ARLETTE: Du dees mer wéi!
FRANCIS: Pardon! `t as di Riets, di Béis: déi mécht wat se wëllt, ze labber as se. Ech hun nees vergiess: hatt as därmoosse sensibel, eist Arletti, `t muss een hatt mat Händschen upaken, d'Kënni, soss brécht et, `t stierft der ënnert de Fangeren... Wie du mir, so ich dir: Téck, mä schlo net. Tout en douceur. Heibannen an dobaussen.
Mat an ouni Auto.
Hien hemelt hatt een Ament, da klaakt en him nees eng.
Verziel!
ARLETTE: `t war esou, ganz bestëmmt. Net schloë, Francis, net! Ech schwiren... ech... ech hun hie mat eropgeholl, `t war jhust vrun der Dir. Fir de Constat ze man... fir ze kucken... ob wierklech näischt geschitt wär... éierlech!
FRANCIS: Jo, de Bobo mat Bränni ageriwwen! Verluge Louder!
Hatt sicht nom Bloc a weist him wat drop geschriwwe steet.
ARLETTE: Hei, kuck: Hoffer heescht en, André Hoffer. Hie wunnt net wäit ewech. - Gleef mer dach, firwat gleews de mer näischt? - 27, Impasse Rodemack.
FRANCIS: An? Wat beweist dat?
ARLETTE: Mar gët e mer e Schreiwes eran, fir d'Assurance: datt et seng Schold as.
FRANCIS: Mar kënnt e mat siwen Zeien!
ARL
ETTE: Deen do net: `t as e ganz Léiwen.
FRANCIS: Ajo, `t as wouer: dir hut jo geprost zesummen! - A mam Fraassi drénks de net. Do spills de d'Abstinenzlesch!
Hien hält him d'Fläsch Béier duer.
Hei, huel en Schlupp!
ARLETTE: Neen: du weess, datt ech kee Béier wëll. FRANCIS: Abee, e c h wëll awer!
Hie forcéiert hatt, aus der Fläsch ze drénken: `t leeft bal alles laanscht. Hatt ver- schléckt sech.
ARLETTE: `t gët mer schlecht!
FRANCIS: Sécher, mir hu léiwer reng Saachen, geldu, deirer: dräi, véier, fënnef Stären! - Maach op a schléck, plaz ze sabbelen!
Hie schitt him de Rescht Béier iwwert de Kapp.
Wodelech Seech! Géi mer frësche sichen, kalen! - Neen, komm mam Cognac!
D'Arlette reagéiert net dodrop, mä geet trau- reg a blesséiert an d'Buedzëmmer.
Paus.
D'Dusch leeft.

ARLETTE!
Keng Äntwert.
D'Dusch leeft.
Hien huet sech berouegt, hieft sech, hëlt de Cognac aus dem Schaf, ënnersicht d'Glieser, déi um Dësch stin, schitt se voll, hëlt eent, richt drun, stellt et nees hannescht an drénkt schliesslech eng zerguttstert Schlupp aus der Fläsch.

ARLETTE!
Keng Äntwert. D'Dusch leeft nach ëmmer. Hie rappt dat iewescht Blat vum Bloc, faalt et a stécht et an d'Täsch. Hien hëlt nach eng Schlupp a stuerkt vru sech...
Lo wollt ech jhust léif si mat der... an da leefs de fort: duschen. Allkéier wann ech léif sin, dann duscht hatt! rifft Ech géif gär e Gliesche mat dir drénken, fir sech A fort! Fort as et! Duschen. Hatt duscht sech dout. Rifft Op deng Gesondheet dann!
Hien hëlt e Glas an drénkt et ex, dann drénkt en dat anert Glas och aus.
An op meng! fir sech Déi huet et déck néideg... rifft Ech kann net waarden. fir sech Keng Rou a keng Rascht. rifft Soll ech och nach eng op s e n g poutzen? Dengem Tippche seng? Oder as dee gesond genuch? Wéi heescht en?
Hien zitt den Ziedel aus der Täsch a liest, méi fir sech: Aus dem Roudemer Lach... 27... André Hoffer. Kennen ech net. rifft Kenns du en André Hoffer... 27 ? fir sech Ni héieren. Ni vu ni connu. Jhust doënnen am Gank: dee stännegen Här... Abee jo...
Hie schitt sech nach eng Drëpp eraus: d'Glas leeft iwer. Hien iwerleet, laacht:
Dach, deen Numm seet mer eppes... Vläicht huet deem seng Gesondheet et a w e r déck néideg... drénkt Wie weess: dee läit op Numero 27 an as amgaang ze verbludden. An d'Madame duscht. Rennt den Härchen iwre Koup a geet duschen! Derbaans dee verblutt! A wéi as et mam Gewëssen?
Hie steet op a bliedert am Telefonsbuch.
Hof- Hoff- hm...
Hie schléit d'Buch zou, geet bei den Telefon an dréit en Numero. Zielt:

... dräi, véier, fënnef... Wann en elo net gläich kënnt dann as en dout... haart an den Telefon Änder? Bas du et? Da liefs de nach? - Am Bett!? Ech hu gemengt, du häss dech verblutt... Ennerlech... - Dat muss de net mierken, mäi Beschten! O vreck, fällt mir elo e Paweestee vum Häerz! - Duerjerneen? Ech? - Wéi? - Wanns du elo nach gutt wéisst... - An de Geescht, wéi as et mam Geescht? - D'Bëls!? Ok? Déck Bees vum Arlette.
Hien hänkt an a laacht.
E klengen Téck an der Musék, wéi? Mäi léiwen Hoffer André Roudemer Lach...
Hie wullt a sengen Täschen, zitt en eidelen Zigarettepak eraus, zerknätscht en a pucht en an den Eck.
Didiö! rifft Arlette!
Keng Reaktioun.
Paus.

fir sech Arrivé. Wanns d'eng Kéier do ukënns, wou ech haut hänken, mäi léiwe Meeschter... Kennen d'Regioun wi meng Boxentäsch... Spéin. A Mécken. laacht Schalotten. De Kolleg Alzinger soot ëmmer: Schalotten. am Dusel
Ech dir... neen: du mir Schalotten... Ech dir...
Couscous. A wat as!
Hie léisst de Kapp op den Dësch falen a recitéiert:
Osmose... Blutt am Kapp: filtration d'un liquide à travers une masse... col-lo-i-dale... sous l'ef- fet... d'un courant électrique... Electro-osmose, wanns d'et wëlls wëssen, mäi léiwe Schong! Voilà... Energie: 4 Zorten: mechanesch, ther- mesch, de Jhü an d'Schimmi... Mar fänken ech un. Margot, mar fänken ech un!
D'Arlette kënnt am Buedmantel eran, eng Zalättchen am Grapp.
Electro-dynamique, weess de wat dat as, Margot? - Mar gin ech bei de Fred: hien hëlt mech erëm, du wärs gesinn... Filtration d'un liquide... Näischt vergiess. stréckt d'Hand aus Zidderen ech? - Op eis Gesondheten alleguer hun ech gepoutzt an du duschs!
Hie schitt sech eraus an drénkt ex.
Margot la propre... prost- hickt tit...
ARLETTE: Nenn mech net ëmmer Margot!
FRANCIS: Nenn mech! Nenn d u mech! - Dat musse mer begéissen, Margot: Es lebe... Andreas Hofer! Voilà. `t as hien a soss keen aneren. séngt Zu Mantua in Ba-anden Andreas Hofer ging...
ARLETTE léif: Weess de wi spéit et as? D'Leit schlofen. Iess e Maufel an da bas de brav.
FRANCIS: Gëff mer eng Zigrett. - `t as och där Hellster keen, däin Tippchen: ech hun him Schmäerzensgeld offréiert... En huet näischt verstan.
ARLETTE: Hues du him telefonéiert?
FRANCIS: Well d'Gewésse ramouert hei bannendran... Derbaans d'Madämchen duscht! En hätt kënnen am Himmel sin. Mä neen: hie läit am Bett. Schéi propper am Bett, wi wann näischt wär! Esou eppes muss een dach feieren!
Hien drénkt. D'Arlette hëlt d'Telefonsbuch, biedert dran, sicht, schléit d'Buch zou, zitt d'Schëlleren.
FRANCIS: Mar gin ech schaffen. Versprach. - Wéi as et mat där Zigrett?
MARGOT fléift: Iess fir d'éischt eppes, Francis, wannechgelift!
FRANCIS: Komm bei de Papp op de Schouss!
Hatt setzt sech op säi Schouss, fiert him iwert d'Hoër a stécht him an wi engem Puppelchen. Hien as no um Kräischen a schwätzt iwert dem Maufelen.
Mar gin ech bei de Fred: Weess de wat dat as: Electrolyse? fron ech hien. Hien: Ni héieren. Ech verzielen him alles iwert d'Elektrizitéit an d'Schimmi; deem bleift de Mond opston... - Ech hun net geschlof an der Schoul. Duerno och net.
Paus.
Hie streckt d Hand aus.

Zidderen ech? - Huel mech an däi Labo, son ech.
Paus.
D'Diplomer gi mat an d'Zensuren... - Weess de wat ech am léifsten hat an der Schoul? Meng duebel Zoossisseschmier an der Paus... an d'Gottesbeweiser. Déi gët et sécher net mi haut. De Boujhi as dout... schon eng kleng Éiwegkeet laang. Wat huet dee Mann sech krëpéiert A keng Sau huet him nogelauschtert! Kee Wonner datt mer haut um Hond sin! - `t misst een eng gutt Fläsch Béier hun, eng gutt kal, ei! Da géifen deng Bippercher rëtschen... All Respekt fir deng Gromperenzalot, mä...
- Däin Änder aus dem Déngenslach... dem Roudemer oder wéi?: wat schafft en?
ARLETTE: Keng Ahnung.
FRANCIS: Allez!
ARLETTE: Bestëmmt. En as scho bei Alter... Vläicht huet en d'Pensioun.
FRANCIS: Allez!
ARLETTE: Oder d'Rent.
FRANCIS: Da schumm dech schéin!
ARLETTE: Firwat?
FRANCIS: `t sicht ee sech e Jonken.
ARLETTE: Wann e mer draleeft!
De Francis stéisst d'Zalättchen ewech an emäerbelt d'Arlette.
FRANCIS: Elo géif de Papp nawell gär eng fëmmen!
Een Ament léisst d'Arlette hie gewäerden; da steet et op, raumt of a geet an d'Kichen.
ARLETTE: Elo as et Zäit fir an d'Bett.
FRANCIS enttäuscht: Jo... du schléifs an ech stuerken e Lach duerch dee schwaarze Plaffang... duerch den Daach... an dee futtissen Himmel eran... A kee Credo an näischt... Mol keng schappeg Kaarmësch... A fréier... opeemol nees lieweg weess de: di dausend Geien! An am Päsch: d'Kierwerlécken: pätsch! widdert d'Täscheluucht... e Mëller, e Kinnék... egal. An eran an d'Këscht. An d'Zigarekëscht. Vol libre. Aus mat der Fräiheet! E Grapp voll Blieder der bäigeluegt vum Lannebam bei Rausche Rosch... Kribbeli-krabbeli! a Gedanken Les chiens aboient et la caravanne passe... onroueg Géif nawell gär eng fëmmen...
Hie fänkt un ze zidderen, strëppt sech hase- leg en Hiemsäermel erop, rifft:
Arlette, komm séier...! Breng de Gummi mat! jäizt de Rimm an d'Nol!
Hie steet op, tierkelt bei de Schaf, sicht dran a wullt...
Meng Nol... wou as meng Nol!? Du hues mer meng Nol verstoppt!
D'Arlette kënnt eran, wëllt hien zëssen.
ARLETTE: Komm Francis, mäi Jong, komm! Komm mir gi schlofen!
Hie stéisst hatt ewech, brëllt:
FRANCIS: Ech sin net däi Jong!
Hie geheit alles aus dem Schaf.
Ech hätt gär meng Schéiss! Meng Schéiss a mäi Schnéi! Gëff se, soss klaakt et!
Black.





POL GREISCH
Léiwe Kleeschen collection AMPHITHEATER
96 Saïten - 5 EURO
Bestellung:
éditions phi / e-mail



textes online * retour homepage
collection Amphitheatre