CATALOGUE GÉNÉRAL
DES ÉDITIONS PHI
LUXEMBOURG
Philou / Literatur fir Kanner
BESTELLEN
Josy Braun
DÉI GRÉNG PISCINE AM « RUCKELSBESCH »
BEI KLENGLILLER
E Krimi fir déi Jonk
2005, 88 Säiten
14 EUR
Josy
Braun
DE
CHARLY MAT DE GROUSSE OUEREN
Geschichte fir Kanner
2003, 124 Seiten
20 EUR
Nicole Paulus
ECH AN DE JULES ZU KALANAXO
Geschichte fir Kanner
2002, 150 Seiten
15 EUR
Ech an de Jules, mir sinn an der
Vakanz op der Insel Kriti. Mir schwammen all Dag op Kalanaxo, d'Haaptstat vun
de Kalamaren. Do lauschtre mer der Melodie vu Kalanaxo no. Do léire mer se
kennen, d'Bewunner aus der naasser Welt: De Kaladullo, e coolen, jonken
Tëntefësch, de Squid aus dem Aquarium, d'Kassandra mam mauve Pareo an d'Kamilla
mat senger grousser Léift. An nach vill aner Bewunner aus der naasser an och
aus der dréchener Welt. An eis Vakanz zu Kalanaxo dauert laang an ëmmer méi
laang…
Nicole
Paulus
WANN
DE PIANO ROSE GËTT
Eng Geschicht fir Kanner
2001, 70 Seiten, mat CD
25 EUR
Ech an de Jules, mir sinn an der
Vakanz op der Insel Kriti. Mir schwammen all Dag op Kalanaxo, d'Haaptstat vun
de Kalamaren. Do lauschtre mer der Melodie vu Kalanaxo no. Do léire mer se
kennen, d'Bewunner aus der naasser Welt: De Kaladullo, e coolen, jonken
Tëntefësch, de Squid aus dem Aquarium, d'Kassandra mam mauve Pareo an d'Kamilla
mat senger grousser Léift. An nach vill aner Bewunner aus der naasser an och
aus der dréchener Welt. An eis Vakanz zu Kalanaxo dauert laang an ëmmer méi
laang…
Josy Braun
DE MONSTERZWILLINGE VUN
ESCH-AM-LACH
Geschichte fir Kanner
2001, 150 Seiten
20 EUR
Guy Rewenig
KÄDDIKÄTSCH
Geschichte fir Kanner
mat Biller vum Roger
Manderscheid
2000, 160 Seiten
ISBN 3-88865-196-4
15 EUR
«Käddikätsch» ass e Buch iwwert
e Wolléckekratzert: Op dene 40 Stäck, awer och an dene 40 Kellere vun dësem
enormen Haus wunne ganz ongewéinlech Leit: lëschteger, traureger, komescher,
grousser, klenger, fantastescher... Hir Geschichten -gereimt an a Prosa, mol
ganz kuerz, mol schéi laang- fënnt een an dësem ongewéinleche Buch, dat de
Roger Manderscheid mat iwwert 80 Zeechnungen illustréiert huet. Lëschteg, komesch,
frech: Dat schéinst Kannerbuch vum Joer!
Guy
Rewenig
KOMBA
LA BOMBA
Geschichte fir Kanner
mat Biller vum Roger
Manderscheid
1999, 128 Seiten
ISBN 3-88865-184-0
16 EUR
Dat klengt Meedche Komba,
"schwaarz vun den Ouerläppercher bis an d'Zeiwen", as eng lieweg
Katastrof. Hatt mécht alles falsch a kann eigentlech nëmmen eppes: Futtball
spillen. A wann hatt Futtball spillt, as dat all Kéier eng Sensatioun, an
d'Leit packe séch nët méi vu Begeeschterung... De Guy Rewenig an de Roger
Manderscheid erfëlle séch mat dësem ongewéinleche Buch fir Kanner en
Häerzenswonsch: eng Kéier zesummen eppes z'erfannen iwwert hir gemeinsam
heemlech Passioun, de Futtball. Et geet awer nët ëm de "klassesche"
Futtball, vill méi ëm e komescht Spill, bei deem ëmmer nees an ëmmer méi géint
all Regele verstouss gët.
Guy
Rewenig
PALAZZO
MATRAZZI
Geschichte fir Kanner
mat Biller vum Klaudia Kampa
1998, 144 Seiten
ISBN 3-88865-168-9
16 EUR
An denen 38 Geschichten aus dem
Buch "Palazzo Matrazzi" geet et ëm alles, wat mat Vakanz, Fräizäit,
Congé ze don huet: zwou Famille fueren an d'Sonn, awer d'Kanner -d'Jill an de
Kim- mussen doheem bleiwen an erliewen en "Horrortrip" op Kämpénger,
Spillnomëtteger, a Kolonien oder bei aneren "organiséierten
Aktivitéiten".
Fir Kanner an Eltere gët et vill ze laachen beim Liese vu "Palazzo
Matrazzi". Zum Beispill iwwert dem Jill säi Papp, deen op der Plaasch vu
Päiperlécken iwwerfall gët an duerno déi benzeg Déieren iwwerhaapt nët méi lass
gët...
Guy Rewenig
MUSCHKILUSCH
Geschichte fir Kanner
Illustréiert vum Klaudia Kampa
1998, 144 Seiten, 9. Oplo
ISBN 3-88865-169-7
16 EUR
"Muschkilusch", dem
Guy Rewenig séng 39 Geschichten iwwert d'Kätt, dat eng Méck als Frëndin huet,
as dat meeschtverkaafte Kannerbuch zu Lëtzebuerg. Zanter et 1990 fir `t éischt
erauskoum, huet den Erfolleg nët méi opgehal. Bei "Phi" kënnt elo déi
9. Oplo eraus, an enger neier Opmaachung mat Zeechnunge vum Klaudia Kampa, deem
séng fantastesch Biller och an de Kannerbicher "Zabbazillo" a
"Palazzo Matrazzi" ze fanne sin.
Guy Rewenig
ZABBAZILLO
Reimgeschichte fir Kanner
mat faarwege Biller vum Klaudia
Kampa
1997, 128 Seiten
ISBN 3-88865-112-3
19 EUR
"Zabbazillo" as
d'Géige-stéck zum Guy Rewenig séngem Klassiker "Sonn-des däerf ee Wollécke
fänken": et as e Buch am Groussformat 21 x 27 cm, mat gereimte Geschichten
iwwert déi komesch, dack lächerlech a verdréinte Welt vun haut, also
Ge-schichte fir ze laachen, awer och einfach zärtlech a verdreemten Texter.
D'Klaudia Kampa, dat schon dem Guy Rewenig séng Kannerbicher "Packatuffi"
a "Sonndes däerf ee Wollécke fänken" illustréiert huet, mécht aus
"Zabbazillo" (och) e wonnerbar faarwegt Billerbuch.
Josy Braun
UM WEE FIR OP PAPPERLAPAPPAGOS
Gedichter fir d'Kanner
Vum Anne Weyer illustréiert
1996, 120 Seiten
ISBN 3-88865-139-5
14 EUR
Dës Gedichter si geduecht fir
Kanner tëschent 4 an 12 Joer. D'Gedichter passen sech dem Alter vum Kand un.
Wat ee méi no hannen am Buch liest, wat d'Gedichter formal an thematesch méi
"wuessen". Automatesch kréien d'Kanner och e séchert Gefill fir eis
Sprooch an hir Schreifweis.
D'Buch eegent sech dofir och
besonnesch gutt, fir an der Primärschoul dermat ze schaffen.
Nicole Paulus
DEM DRACULA SÄIN TORSCHONG
Eng Hexegeschicht fir Kanner
1995, 140 Seiten
ISBN 3-88865-128-x
14 EUR
"Dem Dracula säin
Tor-schong" as eng Aventür, an däer Mënschen, Hexen an Déiere matspillen.
Den Dra-cula as kee Vampir, mee e risegen Hond, deen enger Hexefamill- si wunnt
matzen am Bësch an engem huele Bam - vill Onrou bréngt mat sénger sabbleger
Zong a séngem verléiften Häerz.
"Die Sprache des Buches ist
genauso farbig wie die Personen. Hier ist eine Autorin, die einen ausgeprägten
Sinn für das Warme, Klangvolle unserer Sprache hat, die sehr bewußt
Luxemburgisch schreibt." (Josiane Kartheiser, Tageblatt)
Guy Rewenig
LIBELLA BITSCH
Geschichte fir Kanner
1994, 150 Seiten
ISBN 3-88865-112-3
14 EUR
D'Figuren aus "Libella
Bitsch" heesche Rattatu Pallabu an Heng Zawwabeng, Zilli Balozzi a Lubbi
Lemmer, oder Här Hänkipänki. D'Zeechnunge bei déi groteskwitzeg, spannend, zärtlech
Geschichten huet de Romain Lenertz gemacht.
Antoine
de Saint-Exupéry
DE KLENGE PRËNZ
Erzielong fir Kanner
1994, 100 Seiten
ISBN 3-88865-118-2
3. Oplo - 14 EUR
Mat Original-Illustratiounen.
Iwwersetsung: Josy Braun.
De "Petit Prince"
gehéiert zur grousser Literatur vun eiser Zeit; eng Erzielong fir déi, déi sech
am Häerz e Stéck Kandheet opgehuewen hun.
Jhemp Hoscheit
PLOGEESCHTER
12 Geschichte fir Kanner
1994, 130 Seiten - 14 EUR
2, OPLO / ISBN 3-88865-138-7
Mat Illustratioune vum Michel
Demart
Plogeeschter, dat sin déi kleng
Krabbeldéieren am Häus. Dat kënnen awer och Kanner sin! De Jhemp Hoscheit
schreift a séngem dr!ette Kannerbuch wat zwee Plogeeschterkanner erliewen a
stiichten. Et sin 12 witzeg, verspillte a spannende Geschichten fir Grouss a
Kleng.
Nicole Paulus
SCHNÉI AM KAPP
Eng Erzielung fir Kanner
1993, 132 Seiten
ISBN 3-88865-109-3
12,50 EUR
"Schnéi am Kapp" as
dem Nicole Paulus säin éischt Buch fir Kanner. D'Editions Phi sin frou, hire
klengen (a grousse) Lieser dës nei Erzielerin virzestellen, déi hir Geschichten
aus deem bescht Material baut: aus Fantasi, Sensibilitéit, enger gudder
Portioun duusser Ironi a vill Gefill fir d'Lët-zebuerger Sprooch.
Guy Rewenig
ZEBRA TSCHERRI
Geschichte fir Kanner
1992, 134 Seiten
ISBN 3-88865-099-2
6. Oplo
12,50 EUR
"Die Geschichten sind
lustig, skurril, phantasievoll, anti-rassistisch bzw. multikultu-rell,und alle,
alle haben sie ihr Wohlgefallen daran, die Großen und die Kleinen, Urahne, Großmutter,
Mutter und Kind, wie sich der Rezensent bei zahlreichen Familienrecherchen vor
Ort überzeugen konnte." (Lëtzebuerger Land)
BESTELLEN
LITERATUR / LËTZEBUERGESCH
PHILOU / LITERATUR FIR KANNER
LITERATUR / DEUTSCH
LITTÉRATURE / FRANÇAIS
COLLECTION GRAPHITI / POÉSIE / COÉDITIONS
ANTHOLOGIES / ANTOLOGIEN
AMPHITHÉÂTRE
MUSIK / BIOGRAPHIEN
COLLECTION "ESSAIS"
BIBLIOPHILIE - ART
PHOTOGRAPHIE - FILM - ARCHITECTURE