Pol Greisch
MÄI FRËND BENN
Roman.
2004, 246 Seiten
ISBN 3-87962-184-4
19 EUR
Georges Kieffer
D'KAYA
Roman.
2003, 172 Seiten
ISBN 3-87962-158-5
19 EUR
Guy Rewenig
ZIKATRISS
Roman.
2002, 220 Seiten
ISBN 3-88865-183-2
21 EUR
Am Guy Rewenig séngem neie lëtzebuergesche Roman Zikatriss gët et vill ze laachen, obschons d'Situatioun éischter tragesch as: Den Zani Bender, gebuer 1966, steet ufanks den 90er Joren op eemol ouni Aarbecht am Liewen. Hie mécht séch op déi komplizéiert Sich no engem neien Job, a léiert eng Welt kennen, déi him bis elo friem war: déi vun de Leit, déi ni am Mëttelponkt stin, ni eng Roll spillen, ëmmer nëmmen "incognito" hire Mätsch maache mussen. Zikatriss as gläizäiteg e groteske Porträt vum Enn vum Joerdausend zu Lëtzebuerg, wou et nëmmen sou wibbelt vu surrealen Dimensiounen a sënnerleche Figuren.
Guy Rewenig
FRENDLECH BANDITTEN
Roman.
2002, 220 Seiten
21 EUR
Josy Braun
QUEESCH DERDUERCH
Texter aus 5 Joerzéngten
2000, 500 Seiten
ISBN 3-88865-192-1
31 EUR
An dëser perséinlecher Anthologie fannt Dir lëtzebuergesch Kuerzgeschichten, Kabaretstexter, Gedichter (heirënner besonnesch eng grouss Selektioun aus dem Zyklus «Fiisschen») an och eng Partie däitsch Kuerzgeschichten a Gedichter, déi zum Deel elo fir d'éischt publizéiert ginn.
>>>> CD mat Lidder: 800.-FNico Helminger
IWWER LAND
Erzielungen
1998, 144 Seiten
ISBN 3-88865-084-4
14 EUR
en ausflug op d'land, leit, déi no engem begriefnis op d'schueberfouer gin, een, dee mam éischte mee nët eens gët, een, deen op sénger rees uerg un d'schleidere kënnt, anerer, déi nuechtelaang op der sich sin, no wat och ëmmer ... geschichten iwwer leit, déi ënnerwee sin an dach op der plaz trëppelen, leit, déi aus hirer haut wëllen a sech dobäi op déi drolegst manéiere verrennen .
Josy Braun
KRÉIWÉNKEL
Roman
1998, 175 Seiten
ISBN 3-88865-165-4
19 EUR
Dem Josy Braun säin neie Roman spillt ënnert niddregem Horizont, um klengen Nascht. Gräupert, wou deen alen Anatol a säin Enkel, den Tolly, doheem sin, huet séng Geschicht a séng Geschichten. Mat enger Fatz Pabeier, déi äus engem ale Buch räusfällt, stin nees Leit op, déi well laang vergiess waren, erschénge Notizen äus der Duerfchronik an engem neie Liicht. "Kréiwénkel" as e verdreemtene Roman, voll Atmosphär a Léift zu deem, wat ee gemenkerhand "Heemecht" nennt. `t as awer och eng Geschicht, déi äis an Otem hält, soubal wéi mer gewuer gin, iwwer wat an deem Nascht op der Syr scho fofzeg Joer laang gemäuschelt gët.
Georges Hausemer
IWWER WAASSER
Roman
1998, 192 Seiten
ISBN 3-88865-161-1
19 EUR
Beschte Roman (ex aequo) vum Nationale Literaturconcours 1997
De Lex an säi Bouf, deen ëmmer erëm no sénger Mamm freet; d'Madame Wiltgen an hire Mann, deen am Keller eng Rat dresséiert; d'Viv an de Rocco, deen sech zanter Wochen nët méi gemellt huet; den Newton an de plakege Jang, dee gär fir ëmmer schlofe géif. An enger summerlecher Woch am Fréijoer kräizen sech d'Liewenslinne vun dësen an nach e puer anere Persounen: iwwer Land, iwwer Waasser an, ganz um Enn, och ënner Waasser.
Georges Kieffer
SCHIERBELEN
Roman
1998, 152 Seiten
ISBN 3-88865-163-8
16 EUR
Beschte Roman (ex aequo) vum Nationale Literaturconcours 1997
Eng verwurrelt Geschicht iwwer d'Léift, d'Schreiwen an iwwer Engelen. E Buch, an deem de Schrëftsteller séng Haaptfigur verluer huet an sech op d'Sich no hir mécht. E Roman wéi d'Liewen: fir ze laachen a fir ze kräischen.
Guy Rewenig
VAKANZ AM PAZIFIK
Roman, 1998, 266 Seiten
ISBN 3-88865-088-7
21 EUR
Am Guy Rewenig séngem Roman gët exakt an akribesch observéiert, wéi eng Famill regelrecht explodéiert: Dem Taxichauffeur Änder Bentz säi Jong Nico kënnt an de Prisong; déi ganz Existenz kippt. De Guy Rewenig huet aus dëser makabrer Thematik keen Trauer-spill gemaach, mee eng tragikomesch Geschicht, e "countdown" mat ville surrealen a grotreske Situatiounen, mat staarke Personnagen, déi ni ugeklot oder denoncéiert gin, mee bis un d'Enn hir Dignitéit behalen
Jean-Paul Jacobs
FIRWAT AS DEM DENISE SÉNG BITZMASCHIN DA GECKEG GIN?
1998, 112 Seiten
ISBN 3-88865-162-X
12,50 EUR
Den Telefon rabbelt, a schon erëm as de Jean-Paul vu Berlin um Apparat. Dës Kéier wëllt hie wëssen, ob et zu Esch nach ëmmer esouvill Kom-muniste gët, liest enger Houer Gedich-ter vir, léisst sech mat all sénge Frënn op en Iessen an de Palais invitéieren a potert mam Charly Gaul iwwer deemols, wéi si zwee zesummen den Tour de France gefuer sin. Dat alles an nach vill méi an engem Toun, iwwer deen de Lieser sech nëmme wonneren a feststelle kann: "Deen houere Jean-Paul!"
Josy Braun
PORTO FIR D'AFFEKOTEN
Kriminal-Roman
1997, 192 Seiten
ISBN 3-88865-144-1
19 EUR
Dëse Roman as nët nëmmen deen éischte Roman vum Josy Braun a Lëtzebuerger Sprooch, 't as och e Roman an enger Kategorie, déi an eiser Sprooch sou gutt wéi guer nët vertrueden as: e Kriminal-Roman.
De Schrëftsteller Josy Braun (bis viru kuurzem en Zeitungs-Mënsch) profitéiert hei vun sénger laangjäerger Experienz als Journalist, fir d'Opklärung vun enger mysteriéiser Mordserie pa-rallel äus der Siicht vun de Justizautoritéiten a vun engem eenzele Journalist - dem Pit Marburg - duerzestellen. Um Enn vun dësem ongeheier spannende Buch erlieft een, datt dëse Roman wäit méi wéi nëmmen "e Krimi" as.
Roger Manderscheid
FEIER A FLAM
Roman
1995
504 Seiten
ISBN 3-88865-130-1
31 EUR
An dësem grousse Liebesroman, deen den Ofschloss mécht vun der Trilogie: Schacko Klak an de Papagei um Käschtebam, geréit de Chrëscht op der Sich no der Fra vum Liewen, nom Beruf vum Liewen, no perséinlecher Fräiheet, an d'Ennergehëlz vun de puritanesche fofzeger Joeren. Emweër an Irweër gi mat vill Witz beschriwen an enger kloer erotescher mä ni ordinärer Sprooch, wéi et se zu Lëtzebuerg nach ni gouf.
"Manderscheid hat mit seinem breit angelegten stark autobiographischen Entwicklungsroman ein echtes Lebenswerk abgeschlossen." (Jos Groben, Lux. Wort)
"So ist das Buch in weiten Teilen eine überaus dichte und authentische Erinnerungsarbeit, der Versuch, eine längst vergangene Zeit 'von innen heraus' wieder aufleben zu lassen... " (René Clesse, Lëtz. Land)
Guy Rewenig
WËLL FRA
Erzielung
1993
150 Seiten
ISBN 3-88865-111-5
12,50 EUR
"Wëll Fra" fänkt un mam Wonsch vum Mars Werfer, pensionnéierten Handwierker, aacht Joer nom Doud vu sénger Fra nach eng Kéier eng nei Léift z'erliewen. Hie verléisst séch op eng "agence de ma-riage", déi him déi richteg Fra eraussiche soll. Wat da ge-schitt, as en traureg-groteske Marathon queesch duerch de Labyrinth vun de Gefiller."
Jean-Paul Jacobs
DE JEAN-PAUL RIFFT DE ROGER UN
1993, 156 Seiten
ISBN 3-88865-113-1
14 EUR
De Fransous set "loufoque", den Däitschen set "skurril" - esouguer wann dat nët grad datselwecht as: Gët ët nët och am Lët-zebuergeschen e Wuert dofir? D'Saach gët ët jiddefalls: dat flott Gebraddels, dat de Jean-Paul an de Roger matenee féieren. Loosse mer soen: sympatesch geckeg! Den houere Jean-Paul!
Roger Manderscheid
DE PAPAGEI UM KÄSCHTEBAM
Roman
1991, 448 Seiten
ISBN 3-88865-091-7
25 EUR
Literaturpräis Fondation Servais, 1992
An dësem Roman, der Fortsetzung vum "Schacko Klak", get déi Zäit vun nom Krich beschriwen aus der Perspektiv vum jugendleche Chrëscht.
"Es ist der Fluß, in dem die grossen Bilder von ehedems mittrei-ben,... und das bricht ab und zu mit einer Vehemenz hervor, die den mitbetroffenen Leser geradezu begeistert ...." (Paul Kremer, Tageblatt)
Guy Rewenig
GROUSS KAVALKAD
Roman
1991
266 Seiten
ISBN 3-88865-088-7
21 EUR
Präis vum nationale Literatur-
Concours 1988
De Roman dréint séch ëm d'Liewevum Minettsdapp Elio Mascarotti. De Jong vun italieneschen Immigrante léiert fréi dat hoart Liewen op der Schmelz kennen. Awer hien huet e staarken Dram: de Futtball. Hie bäisst op d'Zänn, bis hien et packt, d'Arbitteschlizenz ze kréien. Um Futtballs-terrain as hien dann, wat hie soss am Liewen ni sin däerf: den Här a Meeschter.
Nico Helminger
FRASCHT
Roman
1990, 360 Seiten
ISBN 3-88865-084-4
24 EUR
Do as een e puer Deeg Lang um Heemwee, ouni sou richteg ze wëssen, wat mat him geschitt. En hat jhust wëllen e bëssen danze goen, an elo as en an engem Trëndel, aus deem en nët méi erauskënnt. No an no mierkt en, datt ët séng ege Vergaangenheet as, déi heen un der Nues erëmféiert. "Frascht" as d'Ge-schicht vun engem, deen sech selwer op de Grond geet. "Frascht" as e Ro-man iwwert d'Angscht, iwwert d'Onméiglechkeet vun der Léift an enger Zäit wou et heescht: verréckt bleiwen oder verréckt gin.
Guy Rewenig
MASS MAT DRÄI HÄREN
Roman
1989
268 Seiten
ISBN 3-88865-068-2
3. Auflage
21 EUR
A séngem drëtte Roman erzielt de Guy Rewenig eng Geschicht aus dem Stader Miliö: de Grafiker John Dennewald geréit aus dem Minett an d'Stad. Do fänkt fir hien eng Odyssee un.
"Ein absolutes Lesevergnügen!" (Letzebuerger Land)
"Der Roman bestätigt einmal mehr die allseits anerkannte Güteklasse des Autors." (Tageblatt)
Roger Manderscheid
SCHACKO KLAK
Roman
1988, 360 Seiten
ISBN 3-88865-067-4
4. Auflage
24 EUR
"Bei aller unsentimentalen Einstellung zur Vergangenheit, gewollt oder ungewollt hat Roger Manderscheid sich, seinen Angehörigen, seinem Heimatdorf ein Denkmal errichtet, das in der luxemburgischen Literatur-landschaft nicht mehr übersehen werden kann." (Jos Groben, Luxemburger Wort)
"Das ist beste abendländische Humoristen- und Ironiker- tradition, das ist pittoresk und pikaresk in einem, das ist große erzählerische Sinfonik, aber auch brillanteste sprachlische Kammermusik." (Michel Raus, Lëtz. Journal)
Roger Manderscheid & Guy Rewenig
BILLER VUM DUERF
Cassette, 60 Minuten
Op der Lay / éditions Phi
11 EUR
Guy Wagner
HELLEG FAMILL
3 Stécker mat Szeenen
1988, 216 Seiten
ISBN 3-88865-069-0
21 EUR
Präis vum nationale Literatur- Concours 1979
"Guy Wagner ist als eher populärem Autor ein Kom-promiß gelungen. Er hat zwischen sehr dramatische Szenen heitere Pointen eingebaut. Seine Theaterstücke werden somit luxemburgischen volkstümlichen Thea-terverhältnissen gerecht." (Lëtzebuerger Land)
Guy Rewenig
GEMËSCHTE CHOUER
Roman
1987, 250 Seiten
2. Auflage
ISBN 3-88865-051-8
21 EUR
"... ein Denkmal, das so wuchtig und imposant in der luxemburgischen Romanlandschaft aufragt daß kein literarisch Interessierter es übersehen kann." (Luxemburger Wort)
"Ein Genuß für Leute, die gerne in Worten herumkramen." (Tageblatt)
Guy Rewenig
HANNERT DEN ATLANTIK
Roman
1985
232 Seiten
ISBN 3-88865-045-3
3. Auflage
21 EUR
Nationaler Literaturpreis 1984
"Unbestreitbar bleibt: Hannert dem Atlantik ist der erste Roman in Luxemburger Sprache, der den Anspruch auf das Attribut modern erheben kann. Diese seine Modernität, verbunden mit einer Lebensnähe und einem Detailrealismus, müßte dem Roman einen dauernden Platz in der Geschichte der nationalen Dichtung sichern." (Luxemburger Wort)
Fernand Weirich
CHRONIK DER LUXEMBURGER LYRIK
13 Jh bis 1920
1984, 256 Seiten
ISBN 3-88865-026-7
19 EUR
Ergänzt durch biographische Notizen der aufgenommenen Autoren und aufgelockert mit zeitgenössischen Illustra-tionen, soll diese Sammlung einen poetischen Rückblick auf mehrere Jahrhunderte dichterischen Schaffens in Luxemburg darstellen.